Zil - ProfigolferCharel Weis: En Dram geet an Erfëllung

Christophe Hochard
De Lëtzebuerger wäert dat nächst Joer an der "Pro Golf Tour" un den Depart goen: Der drëtter Divisioun am europäesche Golfsport.

De Charel Weis huet entscheet, säin Hobby zum Beruff ze maachen. Hie gëtt vun elo un offiziell als professionelle Golfer gefouert. Am Golf muss ee sech nämlech tëscht dem Amateur- a Profistatus entscheeden, well nëmme Profien dierfe Sue mam Golf verdéngen.

Déi Entscheedung gouf geholl, well hie sech qualifizéiert huet fir eng professionell Tour, déi als Pro Golf Tour bekannt ass. De Charel konnt sech als Aachte vu 95 Spiller duerchsetzen. Déi éischt 10 hu sech eng voll Spillberechtegung fir 2024 ob dëser Tour erspillt. D’Tournoie vun der Pro Golf Tour sinn haaptsächlech a Mëtteleuropa. Op der Pro Golf Tour schwätzt ee vun der drëtter Divisioun am Profi Golf an Europa. D’Zil fir déi nächst Jore wäert et sinn, esou séier wéi méiglech ënnert déi éischt Fënnef ze kommen an domadder an déi zweet Divisioun opzesteigen.

Dono gëllt et, ënnert déi éischt 20 an dëser zweeter Divisioun, der Challenge Tour, ze kommen, fir an der 1. Divisioun, der DP World Tour, eng Plaz ze fannen. Hei ukomm, heescht mat de beschte Profien aus Europa an der Welt ze spillen, e weideren Dram, deen de Charel scho seng ganz Karriär am Golf begleet.

Duerch seng Resultater an deene leschte Joren ass säi Numm ëmmer méi dacks am Ausland opgetaucht. Doduerch goufe “Sigmoid Sport” op de Lëtzebuerger opmierksam. Si hunn och elo en Accord fonnt, fir zesummen ze schaffen. “Sigmoid Sport” ass eng iresch Management Firma, déi jonk Athleten op hirem Wee zum Dram hëllefen a begleede wëll.

Back to Top
CIM LOGO