Internationale FuttballChelsea a Liverpool trenne sech 1:1

RTL Lëtzebuerg
Donieft spillen och Brentford an Tottenham gläich, wärend Augsburg aus dem DFB-Pokal eliminéiert ass.
© AFP

DFB-Pokal

RW Essen - Hamburger SV 3:4 n.V.
0:1 Jatta (37'), 1:1 Müsel (42'), 1:2 Jatta (54'), 2:2 Doumbouya (56'), 2:3 Glatzel (66'), 3:3 Brumme (83'), 3:4 Bénes (117')

An engem verréckte Match ass den HSV dräimol a Féierung gaangen, ma den Drëttligist aus Essen huet ëmmer nees ausgeglach, sou dass et an d’Verlängerung gaangen ass. Hei huet et laang dono ausgesinn, wéi wann d’Decisioun am Eelefmeterschéisse fale géif. Ma 3 Minutte viru Schluss huet de Bénes seng Faarwen allerdéngs erléist, woumat den HSV an déi nächst Ronn anzitt.

SpVgg Unterhaching - Augsburg 2:0
1:0 Fetsch (29'), 2:0 Mashigo (90+4')

Augsburg hat zwar méi de Ball, ass awer géint eng gutt organiséiert Defense seelen duerch komm. No enger knapper hallwe Stonn konnt de Fetsch den Drëttligist dunn a Féierung schéissen. D’Augsburger hu weiderhin alles probéiert, ma den Ausgläich sollt hinnen net geléngen. An der Nospillzäit huet de Mashigo d’Iwwerraschung perfekt gemaach, woumat Augsburg no Bremen a Bochum den drëtte Bundesligist ass, deen eliminéiert ass.

SV Oberachern - Freiburg 0:2
0:1 Günter (60'), 0:2 Sallai (77')

Premier League

Brentford - Tottenham Hotspur 2:2
0:1 Romero (11'), 1:1 Mbeumo (25', Eelefmeter), 2:1 Wissa (37'), 2:2 Emerson (45+4')

D’Spectateuren kruten eng animéiert éischt Hallschent gebueden, an där et op béide Säiten eng Partie gutt Geleeënheeten goufen, sou dass et mat 2:2 an d’Paus gaangen ass. Dobäi sollt et dunn och bis zum Schluss bleiwen, well keng Ekipp méi wollt vill Risiko huelen an offensiv net méi vill kreéiert gouf.

Chelsea - Liverpool 1:1
0:1 Diaz (18'), 1:1 Disasi (37')

An enger ausgeglachener Partie ass Liverpool duerch den Diaz a Féierung gaangen, ma kuerz drop war et den Disasi, deen a sengem éischte Match fir Chelsea den 1:1 markéiert huet. Nodeems Liverpool besser an de Match komm war, waren et an der Suite virun allem d’Haushären, déi ëmmer nees Chancen op den nächste Gol haten. Um Enn sollt et awer du beim Remis bleiwen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Clermont Foot - AS Monaco 2:4
1:0 Wieteska (7'), 1:1 Vanderson (26'), 1:2 Ben Yedder (43'), 2:2 Cham (53'), 2:3 Ben Yedder (70'), 2:4 Akliouche (90+3')

No der fréier Féierung vum Wieteska konnt Monaco d’Partie nach am éischten Duerchgang dréinen, ma kuerz no der Paus huet den Cham nees egaliséiert. Mat sengem zweete Gol vum Dag huet de Ben Yedder d’Monegassen awer dunn erëm a Féierung bruecht, ier den Akliouche kuerz viru Schluss den Deckel dropgemaach huet.

Stade Rennes - Metz 5:1
1:0 Kalimuendo (20'), 1:1 Maziz (21'), 2:1 Gouiri (52'), 3:1 Doku (67'), 4:1 Salah (87'), 5:1 Salah (90+3')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Celta Vigo - Osasuna 0:2
0:1 Garcia (24'), 0:2 Gomez (74')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO