
Esou konnten Liverpool géint Leeds United, Wolverhampton géint Watford a Burnley géint Everton net gespillt ginn.
An deene Matcher, déi awer ausgedroe goufen, konnten d’Fans vill Goler gesinn a bestaunen. Esou huet sech Manchester City mat 6:3 géint Leicester Ciry duerchgesat. Schonn an der Paus waren d’Cityzens mat 4:0 am Avantage, dat no Goler vun De Bruyne, Mahrez, Gündogan a Sterling. Nom Säitewiessel war Leicester besser a si hunn op 3:4 verkierzt. Getraff haten Maddison, Lookman a Ihenacho. Ma kuerz nom Uschlosstreffer huet de Laporte den Ecart nees op 2 Goler gesat a kuerz viru Schluss huet de Sterling de Schlussgol markéiert.
Méi spannend war de Match tëscht Aston Villa an dem FC Chelsea. No 28 Minutten hat de James getraff, ma dat an den eegene Gol. 6 Minutte méi spéit huet de Jorginho vu vum Punkt den Ausgläich markéiert an esou ass et mat engem 1:1 an d’Paus gaangen. No bal enger Stonn war et de Lukako, deen de Match gedréint huet an Chelsea a Féierung konnt bréngen. An der Nospillzäit kruten d’Gäscht nees en Eelefmeter zougesprach an nees huet de Jorginho verwandelt. Esou wënnt Chelsea 3:1 auswäerts bei Aston Villa.