
An der Bundesliga hunn ënner anerem d’Bayern géint Mainz gewonnen, wärend Leverkusen Wolfsburg geklappt huet.
Um Samschdeg waren och nees eng Partie lëtzebuergesch Futtballer am Ausland am Asaz.
FC Liverpool - FC Everton 2:0
1:0 Salah (75'), 2:0 Salah (90+7', Eelefmeter)
Liverpool huet de Merseyside Derby vun Ufank un dominéiert an huet no der giel-rouder Kaart fir de Young no 37 Minutten nach méi d’Iwwerhand gewonnen. D’"Reds” hu sech awer schwéier gedoen, fir geféierlech virun de Gol ze kommen, an hunn et dohier gréisstendeels mat Distanzschëss probéiert. En Eelefmeter vum Salah huet du fir den erléisenden 1:0 fir d’Lokalekipp gesuergt, éier den Ägypter an der Nospillzäit den Deckel dropgemaach huet.
Manchester City - Brighton & Hove Albion 2:1
1:0 Alvarez (7'), 2:0 Haaland (19'), 2:1 Fati (73')
No der fréier Féierung fir Manchester City hätt et kéinten ee batteren Nomëtteg fir Brighton ginn, ma d’Ekipp vum Roberto de Zerbi huet sech gutt zréck an de Match gekämpft. Et war an der Suite ee relativ ausgeglachene Match, an no 73 Minutte konnt dee vu Barcelona ausgeléinte Fati de verdéngten Uschloss schéissen, fir méi sollt et awer net méi duergoen.
Chelsea - Arsenal 2:2
1:0 Palmer (15', Eelefmeter), 2:0 Mudryk (48'), 2:1 Rice (77'), 2:2 Trossard (85')
An engem spannenden Derby konnt Chelsea duerch een Handeelefmeter a Féierung goen. Arsenal hat zwar méi de Ball, wosst awer an der éischter Hallschent seelen eppes domat unzefänken. No der Paus huet de Mudryk du mat enger verongléckter Flank de Raya iwwerrascht an op 2:0 gestallt. Arsenal huet sech awer net opginn an ass duerch eng Feelpass vum Sanchez am Gol vun Chelsea nees erukomm, ier den Trossard kuerz viru Schluss fir de verdéngten Ausgläich gesuergt huet.
Sheffield United - Manchester United 1:2
0:1 McTominay (28'), 1:1McBurnie (34', Eelefmeter), 1:2 Dalot (77')
Op dem McTominay seng Féierung no enger knapper hallwer Stonn huet Sheffield direkt eng Äntwert fonnt. Et war een enke Match, an deem béid Ekippe Méiglechkeeten op den decisive Gol haten, ma virun allem d’Gäscht hunn op deen zweete Gol gedréckt. An der 77. Minutt war et dunn den Dalot, deen d’"Red Devils” mat engem schéinen Distanzschoss erléist huet, woumat si op Plaz 8 sprangen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Hellas Verona - SSC Neapel 1:3
0:1 Politano (27'), 0:2 Kvaratskhelia (43'), 0:3 Kvaratskhelia (55'), 1:3 Lazovic (60')
Neapel huet géint Hellas Verona näischt ubrenne gelooss a kann d’Partie sou um Enn souverän fir sech entscheeden. De Politano an de Kvaratskhelia hu fir kloer Verhältnisser gesuergt, aus dem Lazovic sengem Gol konnt d’Lokalekipp iwwerdeems näischt méi maachen. No engem relativ schwaache Start hält Neapel domat den Uschloss un d’Top 4 an der Tabell.
FC Turin - Inter Mailand 0:3
0:1 Thuram (59'), 0:2 Martinez (67'), 0:3 Calhanoglu (90+5')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Paris Saint-Germain - Racing Stroossbuerg 3:0
1:0 Mbappé (10', Eelefmeter), 2:0 Soler (31'), 3:0
Duerch den Mbappé an de Soler war de PSG schonn no enger hallwer Stonn komfortabel a Féierung. Stroossbuerg ass de ganze Match iwwer kaum geféierlech virun de Gol komm, an de Ruiz huet eng Véierelsstonn viru Schluss fir d’Endresultat gesuergt. D’Ekipp aus der franséischer Haaptstad gëtt domat den Ament neien Tabellenzweeten, kann allerdéngs nach vu Monaco iwwerholl ginn.
OGC Nice - Olympique Marseille 1:0
1:0 Guessand (80')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Sevilla - Real Madrid 1:1
1:0 Alaba (74', Selbstgol), 1:1 Carvajal (78')
Béid Ekippen hunn am éischten Duerchgang op Aenhéicht agéiert an hate gutt Chancen, fir d’Féierung ze markéieren. Och no der Paus huet virun allem Real Madrid Occasiounen op den éischte Gol leie gelooss. Eng Véierelsstonn viru Schluss war et dunn den Alaba, deen de Ball no enger Flank vu Sevilla an den eegene Gol geschoss huet. Just kuerz drop hunn d’Madrilenen allerdéngs duerch de Carvajal ausgeglach, deen ee Fräistouss akäppe konnt. Dobäi sollt et bis zum Schluss bleiwen, soudass de Real op Plaz 1 bleift a Sevilla op déi 13. Plaz spréngt.
Celta Vigo - Atlético Madrid 0:3
0:1 Griezmann (29', Eelefmeter), 0:2 Griezmann (64'), 0:3 Griezmann (70')
No enger fréier rouder Kaart fir de Golkipp vu Celta Vigo huet de Griezmann seng Faarwe quasi eleng zu den 3 Punkte geschoss. Atlético Madrid huet d’Lokalekipp zu kengem Zäitpunkt an de Match komme gelooss a confirméiert domat déi gutt Form aus de leschte Wochen.