
International gouf et ënner anerem ee Remis tëscht Chelsea an Arsenal, wärend Inter Mailand an Neapel hir Partië gewanne konnten.
Am Owesmatch ass et fir d’Bayern op Mainz gaangen, wou si déi lescht 3 Ligamatcher verluer haten. An der Mainzer Startformatioun stoung mam Leandro Barreiro ee vun de Lëtzebuerger Futtballer, déi um Samschdeg am Asaz waren. D’Münchener si fokusséiert an d’Partie gestart a louchen no enger Véierelsstonn schonn duerch Goler vu Coman a Kane mat 2:0 a Féierung. Kuerz virun der Paus war et dunn de Mainzer Caci, dee verkierze konnt. No der Paus huet d’Lokalekipp nom Ausgläich gesicht, ma enger knapper Stonn huet de Goretzka awer den 1:3 aus Mainzer Siicht markéiert. Dorop huet d’Ekipp vum Bo Svensson bis zum Schluss keng Äntwert méi fonnt, soudass d’Bayern nees op Plaz 3 sprangen, wärend Mainz no engem schwaache Start 17. bleift.
Wolfsburg verléiert eng ausgeglache Partie knapp mat 1:2 géint Bayer Leverkusen. Leverkusen ass gutt an de Match komm a konnt schonn an den Ufanksminutten duerch de Frimpong a Féierung goen. An der Suite waren d’Wolfsburger awer dunn déi besser Ekipp a konnte schliisslech a Persoun vum Lacroix kuerz virun der Paus no engem Corner den Ausgläich markéieren. An der zweeter Hallschent huet d’"Werkself” sech nees gefaangen, soudass de Grimaldo no ronn enger Stonn nees op 1:2 stelle konnt. Bei dëser knapper Féierung sollt et och bis zum Enn bleiwen, woumat d’Formatioun vum Xabi Alonso d’Tabelleféierung verdeedegt an ouni Néierlag bleift.
Och Union Berlin ka Stuttgart net stoppen a muss sech um Enn kloer mat 0:3 geschloe ginn. No 16 Minutte konnt de Guirassy mam éischte Stuttgarter Ofschloss d’Féierung schéissen. De VfB-Stiermer, deen domat weider seng excellent Form ënner Beweis gestallt huet, gouf dunn awer no enger hallwer Stonn verletzungsbedéngt ausgewiesselt. Hie steet den Ament bei 14 Goler aus den éischten 8 Matcher - en neie Bundesliga-Rekord. Trotzdeem ass Stuttgart déi ganz Partie iwwer déi dominant Ekipp bliwwen a konnt zum Schluss duerch Goler vu Silas an Undav nach fir e kloert Resultat suergen. Union Berlin bleift domat an der Kris, wärend de VfB mat 7 Victoiren aus 8 Partien weider op der 2. Plaz läit.
Hoffenheim bleift an dëser Saison schwaach am eegene Stadion an zitt och géint Frankfurt mat 1:3 de Kierzeren. D’Frankfurter hu sech vun der fréier Hoffenheimer Féierung duerch de Beier net aus der Rou brénge gelooss a schonn an der 11. Minutt ausgeglach. Kuerz drop huet de Knauff d’Partie souguer gedréint, ier de Skhiri an der Nospillzäit vum éischten Duerchgang op 1:3 erhéicht huet. Am zweeten Duerchgang huet Hoffenheim op den Uschlossgol gedréckt, ma dee sollt awer net méi falen.
Freiburg konnt iwwerdeems d’Partie géint Bochum dréinen a mat 2:1 gewannen, wärend RB Leipzig sech souverän mat 3:1 zu Darmstadt duerchsetzt.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.