
An der schottescher Premiership gouf et um Samschdeg den “Old Firm Derby” tëscht Celtic Glasgow an de Glasgow Rangers. Am Duell tëscht dem Éischt- an dem Zweetplacéierten huet Celtic kloer mat 4:0 gewonnen a läit elo scho fënnef Punkte virum Lokalrival.
De Resumé vun de Matcher aus der Bundesliga fannt dir an dësem Artikel.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Everton - Liverpool 0:0
Am Merseyside-Derby gouf et kee Gewënner. Obwuel keng Goler gefall sinn, war de Match awer intensiv a ganz séier. Béid Ekippen hu sech vill Chancen erausgespillt, mee op béide Säiten hunn d’Golkipper exzellent Performancë gewisen an hir Këscht propper gehalen. Heiansdo huet hinnen och de Potto gehollef. Liverpool hat deelweis iwwer 70 Prozent Ballbesëtz, wosst awer näischt mat senger Iwwerleeënheet unzefänken. An der 69. Minutt hat Everton e Gol markéiert, deen awer duerch de VAR nees zeréckgeholl gouf. D’Reds haten um Enn vum Match nach zwou gutt Chancen, kruten de Ball awer net iwwer d’Linn gedréckt.
Chelsea - West Ham 2:1
0:1 Antonio (62'), 1:1 Chilwell (76'), 2:1 Havertz (88')
Am éischte London-Derby vun dësem Spilldag hat Chelsea duerch Chancë vum Pulisic a Kovacic de bessere Start an de Match. Duerno huet West Ham sech gemellt, mee bis d’Paus sollt kee Gol falen. Nom Téi sollt West Ham méi fir de Match maachen an duerch den Antonio mat 1:0 a Féierung goen. D’Reaktioun vun Chelsea huet net laang op sech waarde gelooss an den Chilwell konnt fir den Ausgläich suergen. Um Enn vum Match hate béid Ekippe Chancen, mee Chelsea sollt duerch den Havertz den entscheedende Gol markéieren. West Ham huet vermeintlech zeréckschloe kënnen, mee den 2:2 an der 90. Minutt gouf duerch de VAR oferkannt. Sou datt sech d’Chelsea duerch den 2:1 déi dräi Punkte séchert.
Tottenham - Fulham 2:1
1:0 Hojbjerg (40'), 2:0 Kane (75'), 2:1 Mitrovic (83')
Am zweete London-Derby huet Tottenham de Match vun Ufank un dominéiert an hat no 11 Minutten déi éischt grouss Chance duerch de Son. Den éischte Gol sollt awer eréischt kuerz virum Säitewiessel falen. No der Paus huet Tottenham do weidergemaach, wou se an der éischter Hallschent opgehalen haten. Nom 2:0 duerch de Kane war de Match vermeintlech entscheet, mee Fulham huet kuerz viru Schluss nach eng Kéier zougeschloen an de Match spannend gemaach. E Gol vum Richarlison an der 90. Minutt gouf wéinst Abseits vum VAR oferkannt. Doduerch ass et beim 2:1 fir Tottenham bliwwen.
Aston Villa - Manchester City 1:1
0:1 Haaland (50'), 1:1 Bailey (74')
D’Skyblues loossen eng zweete Kéier an dëser Saison Punkte leien. An der éischter Hallschent huet ManCity zwar den Toun uginn, konnt sech awer keng grouss Chancen erausspillen, och well Aston Villa de Raum zougemaach huet. An den zweete 45 Minutten huet den Erling Haaland mat senger éischter Aktioun säin zéngte Gol vun der Saison markéiert. D’Ekipp aus Birmingham huet duerno méi fir de Match gemaach an hat och e puer Golchancen, vun deenen den Ex-Leverkusener Leon Bailey zum Ausgläich notze konnt. ManCity hat zwar och nach eng Rei Chancen, mee krut déi net am Gol ënner. Um Enn gëtt et fir béid Ekippen duerch den 1:1-Remis ee Punkt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Florenz - Juventus 1:1
0:1 Milik (9'), 1:1 Kouame (29')
Matcher tëscht Florenz an der Juve sinn an Italien ëmmer speziell Matcher. Et waren d’Bianconeri, déi an der néngter Minutt a Féierung goungen, obwuel Florenz bis dohin de Match gemaach hat. Duerno huet Florenz Attack ëm Attack lancéiert a gouf duerch de Gol vum Kouame belount. Kuerz virun der Paus hätt Florenz duerch en Eelefmeter a Féierung kënne goen, mee de Jovic huet verschoss. Déi zweet Hallschent war manner intensiv, mee d’Juve hätt de Match bal nach verluer a konnt um Enn hirem Golkipp Merci soen, dass si ee Punkt mat Heem huelen.
AC Mailand - Inter Mailand 3:2
0:1 Brozovic (21'), 1:1 Leao (28'), 2:1 Giroud (54'), 3:1 Leao (60'), 3:2 Dzeko (67')
Am Mailänner Derby tëscht de Rossoneri an den Nerazuri huet de Champion aus der vergaangener Saison e bësse glécklech awer verdéngt gewonnen. D’Gäscht waren a Féierung gaangen, obwuel den AC bis dohin de Match dominéiert hat. Kuerz drop huet de Rafael Leao dunn awer fir seng Faarwe markéiert. Och duerno hunn d’Rossoneri de Match am Grëff gehat. No der Paus huet den AC Mailand bannent 6 Minutten zweemol zougeschloen an ass op d’Gewënnerstrooss agebéit. Den Dzeko huet Inter zwar nach eng Kéier hoffe gelooss an d’Nerazuri hat an der Nospillzäit d’Méiglechkeet op den Ausgläich, mee um Enn setzt sech den AC Mailand duerch.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Auxerre - Marseille 0:2
0:1 Gerson (8'), 0:2 Sanchez (84')
Olympique Marseille huet an der Course ëm déi éischt Plaz virgeluecht a mat 2:0 zu Auxerre gewonnen. A Saache Ballbesëtz war de Match ausgeglach, mee d’Gäscht hu méi Chancë kreéiert an dobäi zwee Goler geschoss. Auxerre ass just e puer Mol geféierlech virun de Gol komm, mee d’Defense vu Marseille konnt d’Situatioun berengegen.
Lyon - Angers 5:0
1:0 Toko Ekambi (31'), 2:0 Lacazette (38'), 3:0 Toko Ekambi (59'), 4:0 Lukeba (62'), 5:0 Dembélé (88')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Madrid - Betis Sevilla 2:1
1:0 Vinicius Junior (9'), 1:1 Canales (17'), 2:1 Rodrygo (65')
Den éischte Gol fir Real war aus dem Näischt gefall. De Vinicius huet dovu profitéiert, dass de Golkipp vu Sevilla ze wäit aus sengem Gol stoung an huet per Lobb eragesat. Duerno huet sech Betis fir seng Beméiunge belount an den Ausgläich markéiert. Am Uschloss hunn déi Kinneklech de Match iwwerholl, mee et huet bis déi 65. Minutt gedauert, bis Madrid seng Chancen an e Gol ëmgemënzt huet. Duerno hat d’Heemekipp nach Chancen op e weidere Gol, mee et sollt beim 2:1 bleiwen.
San Sebastian - Atlético Madrid 1:1
0:1 Morata (5'), 1:1 Sadiq (55')
Atlético Madrid verléiert scho fréi an der Saison den Uschloss un den Tabelleleader a Lokalrival Real Madrid. Atlético war duerch de Morata zwar fréi a Féierung gaangen, deen och een zweete Gol geschoss hat, mee de Ball wéinst Handspill duerch de VAR oferkannt krut, konnt seng Dominanz awer net a Goler ëmmënzen. Och den Trainer Simeone war net zefridden an huet an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent déi Giel Kaart gesinn. Nom Säitewiessel huet San Sebastian de Match iwwerholl a konnt an der 55. Minutt ausgläichen. Duerno sollt op kenger Säit méi e Gol falen.