Champions LeagueChelsea eliminéiert Dortmund, och Benfica an de 1/4-Finallen

RTL Lëtzebuerg
Duerch eng 2:0-Victoire am Retourmatch séchere sech d'Blues den Ticket fir déi nächst Ronn. Benfica huet Bruges mat engem 5:1 keng Chance gelooss.
© AFP

An der UEFA Champions League goufen en Dënschdeg den Owend déi éischt Retourmatcher vun den 1/8-Finalle gespillt.

Zu London konnt Chelsea eng 0:1-Defaite aus dem Allersmatch rëm gutt maachen an un der Stamford Bridge mat 2:0 géint Dortmund wannen. D’Goler vum Sterling a vum Havertz hunn de Blues den Ticket fir déi nächst Ronn geséchert.

Am zweete Match vum Owend war et eng kloer Saach fir Benfica, déi de Club Bruges mat 5:1 deklasséiert hunn. D’Ekipp vu Lissabon konnt virun den eegene Spectateuren iwwerzeegen an op eng souverän Aart an d'1/4-Finallen anzéien.

Chelsea - Dortmund 2:0

1:0 Sterling (44'), Havertz (53')

Op Grond vu Problemer bei der Urees un d’Stamford Bridge vum Dortmunder Ekippebus ass d’Partie zu London mat zéng Minutte Retard ugepaff ginn. Déi éischt schlecht Nouvelle fir d’Gäscht huet och am Match net laang op sech waarde gelooss. No ronn dräi Minutten ass et fir de Brandt wéinst enger Muskelverletzung net méi weidergaangen.

Mat der 0:1-Defaite aus dem Allersmatch am Hannerkapp huet Chelsea sech vun Ufank u motivéiert gewisen. D’Drockphas vun der Ekipp an de bloen Trikoten aus den éischte Minutte konnten déi Dortmunder awer gutt wechstiechen a waren no enger knapper véierel Stonn genau sou present um Terrain.

An engem oppene Match, an deem de Ball virun allem duerch d’Reie vum BVB gelaf ass, haten d’Blues an der 28. Minutt dann awer déi bescht Chance op d’Féierung. De Schoss vum Havertz war bannen op de Potto gaangen an duerno hannert dem Golkipp knapps laanscht de Gol gesprongen. Gutt fënnef Minutte virun der Paus louch de Ball dann duerch den Havertz eng éischte Kéier am Gol. Duerch eng Abseitspositioun vum Sterling an der Aktioun virdrun gouf dësen dann awer direkt rëm ofgepaff. Chelsea huet weider Drock gemaach a gouf dofir dann awer nach virun der Paus belount. Mat vill Kraaft huet de Sterling dem Meyer keng Chance gelooss an sou an der 44. Minutt op 1:0 gestallt.

Déi bescht Zeenen aus der 1. Hallschent
No 45 Minutte louch Chelsea mat engem Gol a Féierung.

E puer Minutte waren am zweeten Duerchgang gespillt bis et zu enger Rei Diskussiounen un an nieft dem Terrain komm ass. Als éischt huet den Arbitter nom Asaz vum Videoarbitter duerch en Handspill vum Wolf op den Eelefmeterpunkt gewisen, den Eelefmeter selwer gouf da vum Havertz op de Potto geschoss. Well zum Zäitpunkt vum Schoss awer Spiller vun Dortmund schonn am Strofraum waren, gouf den Eelefmeter widderholl. Hei hat den däitschen Nationalspiller dann d’Nerve behalen an domat liicht glécklech op 2:0 erhéicht.

No deem Réckschlag waren d’Gäscht elo gefuerdert an hunn doropshin och de Wee méi aktiv a Richtung Gol gesicht. Duerch de Bellingham a Wolf goufen et dann och Chancen, dës awer ouni déi néideg Konsequenz. Och d’Lokalekipp hat weider Chancen de Match fréizäiteg ze entscheeden, d’Partie sollt awer bis an d’Schlussphas era spannend bleiwen. Chelsea huet sech op déi defensiv Aarbecht konzentréiert an um Enn och näischt méi zougelooss. Domat setzt sech d’Ekipp aus London duerch a steet sou ënnert de beschten aacht Ekippen an Europa.

Déi bescht Zeenen aus der 2. Hallschent
Um Enn gouf et eng 2:0 Victoire fir Chelsea.

Benfica - Bruges 5:1

1:0 Rafa (38'), 2:0 Goncalo Ramos (45+2'), 3:0 Goncalo Ramos (57'), 4:0 Joao Mario (71'), 5:0 David Neres (77'), 5:1 Meijer (87')

De Resumé vum Match Benfica géint Bruges
Mat enger 5:1-Victoire huet sech Benfica fir d'1/4-Finalle qualifizéiert.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO