SupercupChelsea séchert sech den Titel no Eelefmeterschéissen

RTL Lëtzebuerg
No engem spannende Match ka sech Chelsea London am Eelefmeterschéisse géint Villarreal duerchsetzen a wënnt de Supercup.
© AFP

Am Uefa Supercup ass de Gewënner vun der Champions League, Chelsea London, op de Gewënner vun der Europa League, FC Villarreal, getraff. Nodeems Chelsea an der 27. Minutt verdéngt duerch de Ziyech a Féierung gaangen ass, konnt Villareal an der 72. Minutt duerch de Gerard Moreno ausgläichen. Am Eelefmeterschéissen huet Chelsea de méi kale Kapp behalen a wënnt um Enn mat 7:6.

Den decisiven Eelefmeter
...

Resumé vum Match

Chelsea London - FC Villarreal 7:6 n.E.
1:0 Ziyech (27.’), 1:1 Gerard Moreno (73.’)

Vun Ufank u war Chelsea déi kloer dominant Ekipp a Villarreal war just drop konzentréiert, sécher an der Defense ze stoen. Schonn an den éischten 10 Minutten hat Chelsea zwou gutt Chancen duerch de Werner (6.’) an de Kante (9.’). An der 27. Minutt sinn d’Londoner dann och verdéngt mat 1:0 a Féierung gaangen, wéi de Ziyech de Ball no Virlag vum Havertz just huet missen an de Gol drécken.

Den 1:0
...

Nom Gol koum Villarreal méi aus der eegener Hallschent eraus a konnt sech och zwou gutt Chancen duerch den Dia (33.’) an den Alberto Moreno (45.+3.’) erausspillen, dee mat sengem Schoss just d’Lat getraff huet an de Ball sollt knapps virun der Linn opsprangen.

Déi bescht Zeenen aus der 1. Hallschent.
...

An den zweete 45 Minutten huet Villarreal u seng gutt lescht Minutten aus der éischter Hallschent ugeknäppt a war elo déi besser Ekipp. Nodeems de Gerard Moreno an der 52. Minutt just de Potto getraff huet, huet en et an der 73. Minutt besser gemaach a konnt no enger schéiner Kombinatioun mam Dia fir den 1:1 ausgläichen.

Den 1:1
...

Um Enn vum Match hat London d’Kontroll vum Match nees iwwerholl, mee grouss Chancë sinn dobäi net erausgesprongen an et ass an d’Verlängerung gaangen.

Déi bescht Zeenen aus der 2. Hallschent
...

An der Verlängerung ass béiden Ekippen d’Kraaft ausgaangen, sou datt den Tempo net méi sou héich war. Nodeems Chelsea 2 Chancen duerch de Pulisic (100.’) an de Mount (108.’) leie gelooss huet, huet missen d’Eelefmeterschéissen entscheeden, wou Chelsea um Enn de méi kale Kapp behalen huet.

Déi bescht Zeenen aus der Verlängerung
...

Back to Top
CIM LOGO