Internationale FuttballChelsea steet a Finall vun FA Cup, Real, Leipzig a Paräis wannen Topmatcher

Kevin Kayser
An Däitschland hu sech d'Bayern erwaart bei Bielefeld duerchgesat, Frankfurt huet bei Union Berlin verluer a Fürth huet zu Hoffenheim ee Punkt erkämpft.
© CRISTINA QUICLER / AFP

Bundesliga

Arminia Bielefeld - Bayern München 0:3
0:1 Lauren (10', sg), 0:2 Gnabry (45'+7), 0:3 Musiala (85')

Fir den Tabellenéischten aus der Bundesliga war et Flicht, beim Zweetleschten ze gewannen. An dat hunn d’Bayern och gewisen. Et war dann e Selbstgol, deen duerch de VAR confirméiert huet misste ginn, deen d’Münchener no 10 Minutten an d’Spuer bruecht huet. Gléck haten déi Münchener an der 43. Minutt, wéi e Gol vun der Arminia wéinst engem Foul net unerkannt gouf. Well de VAR zwee Mol an den Asaz koum, gouf déi éischt Hallschent méi laang nogespillt, wat den Gnabry ausgenotzt huet a kuerz virun der Paus op 2:0 erhéicht huet. Kuerz viru Schluss huet de Musiala dann den decisiven 3:0 markéiert.

Union Berlin - Eintracht Frankfurt 2:0
1:0 Awoniyi (17'), 2:0 Prömel (21')

Wat hinnen nach zu Barcelona gelongen ass, konnt Frankfurt géint Union Berlin awer net ëmsetzen: Goler markéieren. U Chancen huet et hinnen dobäi net gefeelt, ma d’Prezisioun war einfach net esou do, wéi nach an der Woch an der Europa League. Well d’Heemekipp aus der däitscher Haaptstad et besser gemaach huet, konnte si mat zwee Goler a grad emol 4 Minutten dëse Match fréi fir sech entscheeden. Unioun bleift domadder an der Lutte ëm déi international Plazen drun a Frankfurt verléiert an deem Kampf u Buedem.

TSG Hoffenheim - SpVgg Greuther Fürth 0:0

Hoffenheim verpasst de Sprong op déi 6. Plaz no dësem Remis doheem géint de leschten aus Fürth.

Bayer Leverkusen - RB Leipzig 0:1
0:1 Szoboszlai (69')

Leverkusen hat méi an och besser Chancen, wéi Leipzig, ma d’Gäscht hunn et einfach fäerdeg bruecht, aus de wéinege Geleenheeten, déi si virum Gol haten, och eppes ze maachen. Duerch e Gol an der 69. Minutt vum Szoboszlai konnt Leipzig esou déi 3 Punkte sammelen an an der Tabell Leverkusen op der drëtter Plaz ofléisen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Newcastle United - Leicester City 2:1
0:1 Lookman (19'), 1:1 Guimaraes (30'), 2:1 Guimaraes (90'+5)

Béid Ekippe stinn am Mëttelfeld vun der Tabell an hu mat Ofstig oder dem internationale Geschäft wéineg ze dinn. Leicester war an dëser Partie a Féierung gaangen duerch den Lookman, ma de Guimareaes konnt mat zwee Goler, eng Kéier no enger hallwer Stonn an eng Kéier an der Nospillzäit, dëse Match dréien.

West Ham United - FC Burnley 1:1
0:1 Weghorst (33'), 1:1 Soucek (74')

Fir den Halleffinalist aus der Europa League West Ham an den Ofstigskandidat Burnley ass et an dëser Partie ëm Villes gaangen. West Ham muss den Uschloss un déi international Plazen halen a Burnley brauch all Punkt, fir an der Premier League ze bleiwen. Duerch dësen 1:1, de Weghorst hätt d’Gäscht no 33 Minutten a Féierung bruecht an den Soucek hat no 74 Minutten den Ausgläich markéiert, bleiwen zwar béid am Rennen ëm hir Ziler, ganz vill huet hinnen de Punkt awer net bruecht. Batter fir Burnley an dëser Partie war awer, datt de Cornet an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent en Eelefmeter verschoss huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

FA Cup

FC Chelsea - Crystal Palace 2:0
1:0 Loftus-Cheek (65'), 2:0 Mount (26')

An der zweeter Halleffinall gouf de Géigner vum FC Liverpool gesicht, déi sech e Samschdeg géint Manchester City duerchsetze konnten. Chelsea ass als Favorit an dëse Match gaangen, huet awer bis zu der 65. Minutt gebraucht, fir a Féierung ze goen. Et war de Loftus-Cheek deen den 1:0 markéiert huet, éier den Mount an der 76. Minutt den 2:0 geschoss huet. Dëst war schonn eng kleng Virentscheedung, och, well Crystal Palace selwer net markéiere konnt an Chelsea esou hiren Dram vum Titel nach weiderdreeme kann.

La Liga

FC Granada - UD Levante 1:4
0:1 Gomez (17'), 0:2 Morales (56',p), 0:3 Malsa (77'), 1:3 Collado (90'+2), 1:4 Soldado (90'+5)

An engem direkten Duell am Kampf ëm den Ofstig huet de bis ewell leschten aus der spuenescher Liga sech kloer mat 4:1 géint Granada, déi esou just net op enger Ofstigsplaz stinn, duerchgesat. Kuerz no der Paus, wéi si schonn 0:1 hanne waren, krut de Sanchez vu Granada Giel-Rout an d’Iwwerzuel huet Levante ausgenotzt, fir sech déi dräi Punkten ze sécheren. Den Tëschenzäitlechen 3:1 vu Granada an der Nospillzäit war net méi wéi Kosmetik vum Resultat. Mat dëser Victoire huet Levante elo nach just 4 Punkte Réckstand op eng Net-Ofstigsplaz, wou aktuell Mallorca a Granada mat 29 Punkte stinn.

Atlético Madrid - Espanyol Barcelona 2:1
1:0 Ferreira Carrasco (52'), 1:1 De Tomas (74'), 2:1 Ferreira Carrasco (90'+8)

Duerch den 2:1 géint Espanyol spréngt Atlético virleefeg op déi drëtte Plaz an der Tabelle. De Veräin aus der Haaptstad war a Féierung gaangen, ma déi zweet giel Kaart fir de Kondogbia an der 71. Minutt huet Espanyol an d’Kaarte gespillt a si konnten hir Iwwerzuel ausnotzen, fir den Ausgläich ze schéissen. Laang hat et dono ausgesinn, wéi wa si e Punkt mat op Barcelona konnten huelen, ma an der 8. Minutt vun der Nospillzäit huet den Ferreira Carrasco säin zweete perséinleche Gol geschoss an déi dräi Punkten zu Madrid gehalen.

FC Sevilla - Real Madrid 2:3
1:0 Rakitic (21'), 2:0 Lamela (25'), 2:1 Rodrygo (50'), 2:2 Nacho (83'), 2:3 Benzema (90'+2)

Am Topmatch a Spuenien hat den Drëtten aus Sevilla den aktuelle Leader aus Madrid op Besuch. An fir d’Heemekipp ass am Ufank alles no Plang gelaf, well si sinn no 21 Minutten duerch de Rakitic a Féierung gaangen a kuerz drop huet de Lamela nach op 2:0 erhéicht. Nom Säitewiessel ass Real da besser an de Match komm an de Rodrigo huet kuerz virun der Paus seng Faarwen nees erubruecht. An der Schlussphas komm dann och d’Schlussoffensiv vum Haaptstadveräin, déi sech duerch Goler vun Nacho a Benzema nach konnten déi 3 Punkte sécheren. Real huet domadder elo 15 Punkten Avance op Sevilla, Atlético an den FC Barcelona, deen awer nach 2 Matcher manner huet. Et bleiwen nach 6 Matcher ze spillen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Ligue 1

FC Metz - Clermont Foot 1:1
1:0 De Preville (24'), 1:1 Dissou (37')

An engem direkte Kellerduell gouf et en 1:1, mat deem Clermont wuel besser liewe kann, ewéi Metz. D’Ekipp aus der Lëtzebuerger Grenz bleift domadder 5 Punkte hannert der Relegatiounsplaz a 6 hannert enger Net-Ofstigplaz vum Wupp vun der Tabelle. Dobäi hat et gutt fir déi Metzer ugefaangen, well no 24 Minutten hat de Preville si a Féierung bruecht, ma schonn 13 Minutte méi spéit huet den Dossou den Ausgläich markéiert. Vun der 40. Minutt u gouf d’Missioun, fir op d’mannst ee Punkt matzehuelen, fir den FC Metz méi schwéier, well den Niane no engem schlëmme Foul vum Terrain gestallt gouf. Si sollten et awer fäerdeg bréngen, den 1:1 ze halen.

Detailer zum Match vum FC Metz bei eise Kolleege vu 5MinutesParis SG - Olympique Marseille 2:1
1:0 Neymar (12'), 1:1 Caleta-Car (31'), 2:1 Mpappé (45'+5,p)

Am Spëtzematch vun der Ligue 1 stounge sech den 1. aus Paräis an den 2. vu Marseille géintiwwer. An do war Paräis no 12 Minutten duerch den Neymar an den Avantage. No ronn enger hallwer Stonn Caleta-Car 1:1 markéiert, ma den Mpappé hat nach virun der Paus Paräis nees an den Avantage bruecht. Déi zweet Hallschent krut Marseille an der 85. Minutt e Gol vum VAR oferkannt, esou datt beim 2:1 fir Paräis bliwwen ass. Mat elo 15 Punkten Avance an nach just 6 Matcher ze spillen, kann de PSG an den nächste Woche fréizäiteg de Championstitel feieren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO