
D’Finall ass e Samschdeg, Chelsea spillt géint Palmeiras Sao Paulo aus Brasilien.
Manchester City huet seng Féierung an der englescher Premier League ausgebaut. 2:0 huet ManCity géint Brentford gewonnen. Southhampton huet sech auswäerts 3:2 géint Tottenham duerchgesat.
An der Coupe de France huet sech Nice fir d’Halleffinalle qualifizéiert, dat duerch e 4-1 Succès géint Marseille. Do geet et géint d’Amateure vum FC Versailles, déi sech no 11m-Schéisse géint Bergerac behaapt hunn.
Monaco trëfft dernieft op de Gewënner aus der Partie Nantes géint Bastia.