Internationale FuttballChelsea wënnt souverän, Iwwerraschend Néierlag fir ManCity

RTL Lëtzebuerg
An Italien verléiert Juventus Turin géint Hellas Verona an a Spuenien ka sech de Real Madrid knapps mat 2:1 géint Elche duerchsetzen.
© AFP

An der Bundesliga konnt sech Bayern München däitlech mat 5:2 géint Union Berlin duerchsetzen, Wolfsburg an Dortmund wannen allen zwee mat 2:0, Freiburg léisst sech net vu Fürth iwwerraschen, Mainz séchert sech 3 Punkten géint Bielefeld a Frankfurt a Leipzig deelen en 1:1.

Premier League

Leicester City - Arsenal London 0:2
0:1 Gabriel (5.’), 0:2 Smith Rowe (18.’)

An den éischte 45 Minutten huet Arsenal eng gutt Leeschtung gewisen a konnt dank zwee schnelle Goler séier mat 2:0 a Féierung goen. No der Paus hunn d’Gäscht zeréck geschalt, hu just nach eng duerchwuesse Leeschtung gewisen mee opgrond vun der gudder éischter Hallschent ass et eng verdéngte Victoire fir Arsenal déi elo op enger internationaler Plaz stinn.

Liverpool - Brighton Hove & Albion 2:2
1:0 Henderson (4.’), 2:0 Mané (24.’), 2:1 Mwepu (41.’), 2:2 Trossard (65.’)

Fréi louch Liverpool mat 2:0 a Féierung an et hat ausgesinn wéi wann et eng locker Victoire géif ginn, mee Brighton huet och no dësem Réckstand frech weider gespillt an sinn esou nees op 2:2 erukomm. Am Schluss vum Match wär hinnen bal nach den 3:2 gelongen mee den Arbitter huet de Gol vum Trossard opgrond vun enger Abseitspositioun oferkannt.

Manchester City - Crystal Palace 0:2
0:1 Zaha (6.’), 0:2 Gallagher (88.’)

Iwwerraschend verléiert Manchester City mat 0:2 géint Crystal Palace. Fréi ass Crystal Palace mat 1:0 a Féierung gaangen an dono huet City et et just seele fäerdeg bruecht richteg geféierlech ze ginn. Mam 2:0 an der 88. Minutt hunn d’Gäscht fir d’Entscheedung gesuergt.

Newcastle United - Chelsea London 0:3
0:1 James (65.’), 0:2 James (77.’), 0:3 Jorginho (81.’, Eelefmeter)

Chelsea konnt domadder de Remis vu Liverpool an d’Defaite vu ManCity notzen, fir sech un der Spëtzt vun der Premier League ofzesetzen.

Tottenham Hotspur - Manchester United 18h30
0:1 Cristiano Ronaldo (39.’), 0:2 Cavani (64.’), 3:0 Rashford (86.’)

No der kraachender 0:5-Néierlag géint Liverpool, déi fir vill Diskussiounen ëm den Trainer Ole Gunnar Solskjaer gesuergt huet, huet sech Manchester United géint Tottenham nees erkritt a wënnt kloer mat 3:0. An der Tabell stinn se domadder elo op der 5. Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Atalanta Bergamo - Lazio Rom 2:2
0:1 Pedro (18.’), 1:1 Zapata (45.+1.’), 1:2 Immobile (74.’), 2:2 de Roon (90.+4.’)

Zu Bergamo ass de 5. op de 6. getraff an och um Terrain hu béid Ekippen op engem Niveau agéiert. Zwee mol ass Lazio a Féierung gaangen mee all kéiers ganz zum Schluss vun den zwou Hallschenten konnt Atalanta den Ausgläich markéieren.

Hellas Verona - Juventus Turin 2:1
1:0 Simeone (11.’), 2:0 Simeone (14.’), 2:1 McKennie (80.’)

No enger weiderer Néierlag géint Hellas Verona, rutscht Juventus an d’Mëttelfeld vun der Tabell erof a stiechen dës Saison an enger Kris. Och den Uschlossgol vum McKennie an der 80. Minutt konnt dës Néierlag net méi verhënneren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

FC Metz - AS St. Etienne 1:1
1:0 Boulaya (9.’), 1:1 Khazri (16.’)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Elche - Real Madrid 1:2
0:1 Vinicius Junior (22.’), 0:2 Vinicius Junior (73.’), 1:2 Pere Milla (86.’)

Mat enger duerchwuessener Leeschtung ka sech Real Madrid mat engem knappen 2:1 géint Elche duerchsetzen. Elche huet gutt dogéint gehalen an duerch e Gol vum Vinicius an der 22. Minutt ass et mat engem net onbedéngt verdéngten 1:0 an d’Paus gaangen. No der Paus huet de Raul Guti déi giel-rout Kaart gesinn an huet senger Ekipp domadder kee Gefale gedinn. Dono huet de Real de Ball an den eegene Reie gehalen a konnt duerch en zweete Gol vum Vinicius op 2:0 stellen. An der 86. Minutt huet Elche zwar nach eemol op 1:2 verkierzt mee dëse Gol sollt awer ze spéit kommen.

Valencia - Villareal 2:0
1:0 Hugo Guillamon (43.’), 2:0 Carlos Soler (77.’, Eelefmeter)

FC Barcelona - Deportivo Alaves
1:0 Depay (49'), 1:1 Rioja (52')

Am Spill eent no der Entloossung vum Ronald Koeman huet den FC Barcelona den erhoffte Befreiungsschlag verpasst. Géint Deportivo Alaves sinn d’Katalanen net iwwert een 1:1 erauskomm. Den Depay hat Barca a Féierung bruecht, ma de Rioja huet mat sengem drëtte La-Liga-Gol nach ausgeglach. Déi dräi Goler huet hie géint d’Katalane geschoss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO