BundesligaFrankfurt a Leipzig trenne sech mat engem 1:1

RTL Lëtzebuerg
Dortmund ka sech mat 2:0 géint Köln duerchsetzen, Wolfsburg klappt Leverkusen, Freiburg léisst sech och vu Fürth net iwwerraschen a Bayern wënnt mat 5:2.
© AFP

Mat enger ganz uerdentlecher Leeschtung ka sech Dortmund verdéngt mat 2:0 géint Köln duerchsetzen. No den éischte 45 Minutten louch de BVB zwar mat 1:0 a Féierung mee couragéiert Kölner hu gutt dogéint gehalen. An der 40. Minutt huet de Bellingham vu riets an de Strofraum geflankt an den Hazard konnt ganz fräi aus 5 Meter an de Gol käppen. Mat sengem éischte Gol an der Bundesliga huet den Tigges fir Dortmund op 2:0 erhéicht a soumat fir d’Schlussresultat gesuergt.

An engem Duell tëscht 2 Ekippen bei deenen et am Moment net sou richteg ronn leeft, sollt sech Wolfsburg um Enn, mat Hëllef vun engem Doppelschlag no der Paus, mat 2:0 géint Leverkusen duerchsetzen. Wolfsburg war besser an de Match gestart mee no 20 Minutten huet Leverkusen d’Kontroll iwwert de Match iwwerholl ouni dat et awer vill Golchancen op béide Säite gouf. D’Gäscht sinn dann awer ganz staark aus der Paus komm a konnte mat zwee schnelle Goler vum Nmecha an dem Arnold séier op 2:0 stellen.

Nodeems Bayern München am DFB-Pokal eng defteg Néierlag huet missen astiechen, hunn se dës géint Union Berlin nees gutt gemaach a gewannen däitlech mat 5:2. Schonn no nëmme 34 Minutten louchen se mat 3:0 a Féierung a wollte weisen dat déi 0:5-Néierlag just en Ausrutscher war. Union Berlin wollt sech awer net sou einfach geschloe ginn an hunn nach virun der Paus op 1:3 verkierzt. An der 60. Minutt huet de Coman op 4:1 erhéicht mee nëmme 4 Minutte méi spéit huet de Ryerson op dëse geäntwert an den 2:4 geschoss. Mat engem weidere Gol huet de Müller dann awer alles kloer gemaach.

D’Iwwerraschungsekipp vun dëser Saison aus Freiburg, huet sech och vu Fürth net iwwerrasche gelooss a wënnt mat 3:1. Domadder bleift Freiburg déi eenzeg Ekipp ouni Néierlag an dëser Saison a stinn op der 3. Plaz hannert Bayern München an Dortmund.

Duerch Goler vum Lee a Burkardt konnt sech Mainz mat 2:1 zu Bielefeld duerchsetzen. Domadder steet Mainz elo op enger exzellenter 5. Plaz. De Leandro Barreiro stoung net an der éischter 11 mee gouf an der 77. Minutt fir de Lee agewiesselt.

Bei Leipzig leeft et an dëser Saison weiderhin net ronn a spillen géint Frankfurt just 1:1 nodeems se e Gol an der 4. Minutt vun der Nospillzäit geschoss kruten. Ab der 35. Minutt louch Leipzig duerch e Gol vum Poulsen a Féierung. Och dono war Leipzig déi insgesamt besser Ekipp mee Frankfurt huet awer gekämpft a well RB et verpasst huet mam 2:0 den Deckel drop ze maachen, huet d’Eintracht an der allerleschter Sekonn duerch den Tuta zougeschloen a séchert sech e wichtege Punkt. Frankfurt huet domadder an dëser Saison weiderhin just 1 Victoire ze verzeechnen a Leipzig verpasst et auswäerts déi éischt Victoire anzesammelen.

Och an den aneren europäeschen Topligen gouf um Samschdeg gespillt an do hunn ënner anerem Manchester City, Liverpool a Juventus Turin fiedere gelooss.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO