MotorsportChester Kieffer geet d'nächst Saison am Porsche Supercup un den Départ

Tom Hoffmann
Nom Dylan Pereira fiert nächst Saison nees e Lëtzebuerger am Porsche Supercup mat.
© isphoto

Den Chester Kieffer, deen d’lescht Saison de Rookie-Klassement am Porsche Carrera Cup Frankräich gewonnen huet, geet nächst Saison am Porsche Supercup un den Depart, deen eng grouss Opmierksamkeet huet. Coursse ginn nämlech am Kader vun engem Formel-1-Weekend gefuer.

Net nëmmen dowéinst hunn dës Coursse fir déi jonk Piloten en héije Stellewäert, ma och well sech hei d’Elitt vun de Porsche-Championnater trëfft. An 8 Coursse gëtt de Champion ermëttelt an den Chester Kieffer, deen scho fläisseg a sengem Simulator fir nächst Saison trainéiert, freet sech op dës néi Erausfuerderung.

“Ech sinn der Meenung, dass ech, nodeem wat ech dëst Joer a Frankräich geléiert hunn, prett sinn, fir mat deene Groussen ze spillen. An dofir ass dat eng gutt Nouvelle fir mech.”

Den Chester Kieffer geet awer net nëmmen am Porsche Supercup un den Depart mee och am Carrera Cup Däitschland. Vum Niveau hier ass déi Serie knapp ënnert dem Supercup anzestufen. Lescht Saison huet den 19 Joer jonke Lëtzebuerger am franséische Championnat 10 vun 12 Coursen als Rookie gewonnen. Béid Titele gi fir déi nächst Saison am Supercup souwéi am däitschen Championnat uviséiert.

“Rookie-Klassement ass dat wat ech uviséieren well den Niveau elo méi héich ass. Am Supercup an am Carrera Cup Däitschland. Déi meescht Piloten, déi am Supercup fueren, sinn och am däitsche Championnat dobäi.”

D’Saison vum Supercup gëtt zu Monaco lancéiert. Vill Prestige an och Drock well all klenge Feeler duerch de Leitplankendjungel vu Monte Carlo direkt bestrooft gëtt. Net nëmmen an der Formel 1 mee och am Supercup.

“Monaco ass fir mech déi speziellste Course vun der Saison. An do freeën ech mech drop.”

Ob den Chester Kieffer d’Rookie-Klassement vum Supercup gewënnt, gesitt Dir nächst Saison Live bei eis op RTL.

Back to Top
CIM LOGO