16 Stonnen, 31 Minutten a 27 SekonnenChris Nikic ass éischte Sportler mat Down-Syndrom, deen Hawaii-Ironman packt

RTL Lëtzebuerg
Scho virun zwee Joer hat den 23 Joer jonke Sportler den Ironman zu Panama matgemaach. En Donneschdeg du konnt hien dee bekanntste vun der Welt bezwéngen.
De Chris Nikic a säi Betreier Dan Grieb, nodeem si zu Kailua Kona iwwert d'Zillinn vum Hawaii-Ironman gelaf sinn.
De Chris Nikic a säi Betreier Dan Grieb, nodeem si zu Kailua Kona iwwert d’Zillinn vum Hawaii-Ironman gelaf sinn.
© TOM PENNINGTON / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Zesumme mat sengem Betreier huet de Chris Nikic no 16 Stonnen, 31 Minutten a 27 Sekonnen den Ironman op Hawaii hannert sech bruecht. An där Zäit ass de 23 Joer jonke Sportler mat Down-Syndrom 3,86 Kilometer duerch de Pazifik geschwommen, huet 180,2 Kilometer mam Vëlo hannert sech bruecht an ass e Marathon gelaf.

Back to Top
CIM LOGO