
Par Rapport zu de leschte Matcher goufen et verletzungsbedéngt eng Rei Changementer am Kader. Net mat dobäi sinn ënnert anerem de Mathias Olesen an den Olivier Thill, déi méi laang ausfalen. Ersat gi si vum Chris Philipps an Aldin Skenderovic.
Nächst Woch en Donneschdeg geet et fir d’éischt géint d’Tierkei. 3 Deeg drop dann heiheem am Stade de Luxembourg heescht de Géigner Litauen.