ITF-Tournoi zu EschChris Rodesch am 2. Tour

Tim Hensgen
De Lëtzebuerger Tennisspiller konnt sech an 3 Sätz géint den Argentinier Leonardo Aboian duerchsetzen.
© RTL-Archiv

Beim ITF 25.000$ Tournoi zu Esch huet sech de Chris Rodesch (WR 748) am éischten Tour géint d’Nummer 3 vun der Setzlëscht duerchgesat. Den 21 Joer ale Lëtzebuerger Davis-Cup-Spiller huet um Enn no iwwer 3 Stonne mat 7-6 6-7 a 6-4 géint den Argentinier Leonardo Aboian (WR 489) gewonnen. D’Lëtzebuerger Nummer 1 Alex Knaff (WR 604) spillt muer am CNT am éischten Tour géint e Qualifikant.

De Christophe Nickels, dee mat enger Wildcard an den Haapttableau komm ass, huet mat 2-6 a 5-7 géint den Amaury Raynel verluer.

Back to Top
CIM LOGO