
Den dänesche Futtballprofi Christian Eriksen huet nëmme 7 Méint no enger Häerzattack nees en neie Veräi fonnt.
Hien huet bis d’Enn vun der Saison bei Brentford an der englescher Premier League ënnerschriwwen.
Den 29-Joer jonke Mëttelfeldspiller war wärend engem Match vun der Europameeschterschaft zesummegebrach.
Hie krut en Häerzschrëttmécher agesat. Well et an Italien net erlaabt ass, mat esou engem Apparat Profifuttball ze spillen, haten den Eriksen a säi Veräin Inter Mailand sech getrennt.