De Christopher Martins gëtt elo 6 Méint vun de Young Boys Bern u Spartak Moskau ausgeléint an duerno huet de russesche Rekordchampion eng Kafflicht fir de Lëtzebuerger Futtballnationalspiller vu ronn 10 Milliounen Euro.
Den Transfert vum 24 Joer ale Mëttelfeldspiller, elo an der Wanterpaus, koum dann dach onerwaart. Wann da war éischter am Summer mat engem Wiessel gerechent ginn, dozou de Christopher Martins: Et ass zimmlech schnell dozou komm. Ech war gutt mat de Young Boys an der Preparatioun. Du koum mäin Agent an huet mer de Projet vum Club presentéiert. Do hunn ech dat positiv gesi fir meng Entwécklung.
Et ass schonn e speziellen Deal. 6 Méint gëtt den 49-fache Lëtzebuerger Nationalspiller vum Schwäizer Champion Young Boys Bern ausgeléint an duerno muss Spartak Moskau 10 Milliounen Euro op den Dësch leeën: Do kann ech net vill soen. Dat ass tëscht deenen zwee Veräiner. Fir mech ännert dat näischt, ech sinn elo bei Spartak.
De Christopher Martins huet nom Prêt, dann e Kontrakt vu 5 Joer beim Tabellennéngten aus der ieweschter Divisioun a Russland. D’Zil mat sengem neie Veräin ass kloer, de Championstitel uviséieren an an der Kinneksklass vum europäesche Futtball, der Champions League, ënnerwee sinn: Wat ech gär hat um Projet, et ass wéi zu Bern, do gees dohin, fir all Match ze gewannen. Si hunn héich Ziler.
Als Jugendnationalspiller war d’Talent vum Christopher Martins scho ganz kloer ze gesinn. Op een Hoer hätt de Mëttelfeldspiller awer de Centre de Formation vun der FLF zu Monnerech misse verloossen. Den aktuellen A-Nationaltrainer Luc Holtz huet awer deemools drop bestanen, datt een dem Jong eng Chance muss ginn: Ech war e klenge Jong dee gelieft huet, deen heiansdo kleng Dommheete gemaach huet, net schlëmm, mä d’Trainer hu mer heiansdo missen de Wee weisen, an ech soen hinne och Merci, ouni si wär ech haut net do. Lo sinn ech méi seriö ginn a schaffe vill a versichen ëmmer mäi Bescht ze ginn.
De Christopher Martins war elo déi lescht Deeg hei zu Lëtzebuerg, fir eng rei administrativ Saache fäerdeg ze maachen. Elo geet et mat senger neier Ekipp Spartak Moskau op Dubai an d’Trainingslager, éiert et duerno dann op Moskau geet. D’Reprise vum Championnat ass do Enn Februar.
