
An der Qualifikatioun fir d’Gruppephas vun der Futtball-Champions-League war et e Mëttwoch den Owend d’Suite vun den Allersmatcher vum Play-off.
D’Young Boys Bern mam Christopher Martins konnte sech hei mat 3:2 géint Budapest duerchsetzen. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain. Bern war vun der 25. Minutt un an Ënnerzuel, dat no enger rouder Kaart vum Hefti.
Mam Sébastien Thill war en Dënschdeg schonn ee Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller am Asaz. Mat Sheriff Tiraspol hat hien Dynamo Zagreb op Besuch. Hei war et eng 3:0-Victoire fir Tiraspol. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet duerchgespillt.
No de Resultater vun den Allersmatcher stinn d’Chancë gutt, datt dëst Joer dräi Lëtzebuerger an der Gruppephas vun der Champions League spillen. De Gerson Rodrigues huet sech mat Dynamo Kiew fir dës scho qualifizéiert.
Kiew war e Mëttwoch den Owend och am Championnat gefuerdert. Fir d’éischte Kéier an dëser Saison si Gerson Rodrigues a Co net als Gewënner vum Terrain gaangen. Am Nodrosmatch huet ee bei Inhulets 1:1 gespillt. De Rodrigues gouf an der 63. Minutt agewiesselt.
De Maxime Chanot huet mat senger Ekipp New York City FC an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg déi éischt Néierlag zanter dem 18. Juli missen hinhuelen. Den 31 Joer ale Verdeedeger stoung bei der 0:1-Defaite bei der Philadelphia Union 90 Minutten um Terrain.