
En Dënschdeg war den Optakt vun den Aachtelsfinallen an der Champions League, dat direkt mat engem Match, deen ee sech och an der Finall gewënscht hätt, tëscht Paris Saint-Germain a Real Madrid. Op deem aneren Terrain stounge sech Sporting CP a Manchester City géintiwwer, e Match, wou emol um Pabeier eng Ekipp de klore Favorit ass.
Paris Saint-Germain - Real Madrid 1:0
1:0 Mbappé (90'+4)
De Spëtzen-Allersmatch vun dëser Ronn gouf en Dënschdeg am Parc des Princes zu Paräis gespillt, wéi de PSG de Real aus Madrid op Besuch hat. An et war d’Heemekipp, déi an den éischte Minutte richteg Drock gemaach huet. No ronn 18 Minutte gouf et eng Grousschance, ma de Courtois konnt de Schoss vum Mbappé mat engem gudde Reflex paréieren. Eng 15 Minutte virun der Paus gouf de Match du méi roueg an och Real ass méi an de Match komm. Chance gouf et keng richteg, ma den Arbitter huet direkt 2 Mol géint de Casemiro vum Real a de Veratti vum PSG misste Giel weisen. Esou geet eng éischt Hallschent ouni Gol an och ouni gréisser Golchance mat engem 0:0 op en Enn.
Nom Pausentéi hätt sech dës Situatioun awer kéinten änneren. Ma nees hat de Courtois dat bessert Resultat géint den Mbappé. No ronn enger Stonn huet den Arbitter dunn no engem Zweekampf tëscht dem Carvajal an dem Mbappé op de Punkt gewissen an der Heemekipp een Eelefmeter ginn. De Messi ass hei ugetrueden an nees war de Belsch am Gol vum PSG um Posten a konnt dëse klären.
Domadder huet hien déi drëtte grouss Chance vum PSG verhënnert. Dës Parad huet net seng eegen Ekipp méi an de Match bruecht, mä de PSG huet weider Drock no vir gemaach, ouni sech laang dofir ze belounen. An der 94. Minutt huet den Mbappé sech dunn eleng géint d’Defense vum Real duerchgesat a sech a seng Ekipp fir déi vill an intensiv Aarbecht, déi se de ganze Match iwwer geleescht hunn, awer nach belount.
Sporting CP - Manchester City 0:5
0:1 Mahrez (7'), 0:2 Silva (17'), 0:3 Foden (32'), 0:4 Silva (44'), 0:5 Sterling (59')
E fréie Gol dogéint ass zu Lissabon gefall, wéi de Sporting op Manchester City getraff ass. De Mahrez hat no 7 Minutten no Virlag vum De Bruyne getraff, ma de Linienrichter hat op Abseits entscheet. No engem Bléck op de VAR huet den Arbitter de Gol dunn awer ginn. 11 Minutte méi spéit huet de Bernardo Silva no engem Corner op 2:0 gesat. Nach virun der Paus huet City hir Positioun als Favorit an dësem Match bewisen an deem se duerch de Foden (32') an engem weidere Gol vum Silva (44') hir Féierung op 4:0 ausgebaut hunn.
5 Minutten nom Säitewiessel huet alles nom Silva sengem Hattrick ausgesinn, ma de VAR huet dëse Gol zeréckgeholl. An der 59. Minutt huet de Silva net selwer markéiert, mä de Sterling a Positioun bruecht, fir op 5:0 z’erhéijen. Nom Gol huet Manchester e Gank zeréckgeschalt an de Match verwalt. De Sporting huet e puer Mol probéiert, zu engem Gol ze kommen, dat vill iwwer Flanken, ma et sollt hinnen net geléngen. Esou gewënnt Manchester City dëse Match kloer mat 5:0 a steet mat méi wéi engem Been an de Véierelsfinallen.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.