
Nieft der Derby-Victoire fir Manchester City konnt sech am internationale Futtball iwwerdeems Hoffenheim zu Köln duerchsetzen. An der spuenescher Liga gouf et fir Barcelona eng spéit Victoire fir den FC Barcelona.
An der BGL Ligue stoung e Sonndeg d’Suite vum 20. Spilldag um Programm.
Köln - Hoffenheim 0:1
0:1 Posch (61')
Fir Köln gouf et am Duell géint Hoffenheim bei enger 0:1-Defaite näischt ze huelen. No enger animéierter Hallschent ouni Goler war zemools am zweeten Duerchgang de Gaascht besser am Match an ass no enger gudder Stonn dann och a Féierung gaangen. D’Kölner hu bis zum Schluss keng Äntwert méi fonnt a muss sech sou geschloe ginn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Watford - Arsenal 2:3
0:1 Ödegaard (5'), 1:1 Cucho (11'), 1:2 Saka (30'), 1:3 Gabriel Martinelli (52'), 2:3 Sissoko (87')
Manchester City - Manchester United 4:1
1:0 De Bruyne (5'), 1:1 Sancho (22'), 2:1 De Bruyne (28'), 3:1 Mahrez (68'), 4:1 Mahrez (90')
Manchester City huet de sech am Derby géint United mat 2:1 duerchgesat. De fréie Féierungsgol vun den Haushäre konnt ManUnited no 22 Minutten duerch de Sancho ausgläichen. Kuerz drop war et dann awer den De Bruyne, dee mat sengem zweete Gol nees d’Féierung hirgestallt huet. Am weidere Spillverlaf war City déi besser Ekipp an huet ronn 20 Minutte viru Schluss fir eng Virentscheedung gesuergt. Um Enn behaapte si sech am Manchester-Derby mat 4:1.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Venedeg - Sassuolo 1:4
0:1 Raspadori (2'), 0:2 Berardi (17'), 0:3 Scamacca (29'), 1:3 Henry (34'), 1:4 Berardi (71')
Juventus - La Spezia 1:0
1:0 Morata (21')
Neapel - AC Mailand 0:1
0:1 Giroud (49')
Duerch den decisive Gol vum Giroud huet sech den AC Mailand de wichtege Succès am Toppmatch géint de punktgläichen Tabellennoper Neapel geséchert a spréngt domadder un d’Tabellespëtzt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
St. Etienne - Metz 1:0
1:0 Bouanga (52')
Reims - Stroossbuerg 1:1
0:1 Bellegarde (69'), 1:1 Cajuste (84')
Marseille - Monaco 0:1
0:1 Martins (58')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Elche - Barcelona 1:2
1:0 Fidel (44'), 1:1 Ferran Torres (60'), 1:2 Depay (84')
Barcelona huet sech duerch e spéide Gol nach déi dräi Punkte geséchert. Dobäi waren d’Géigner vun Elche kuerz virun der Paus am Numm vum Fidel a Féierung gaangen. No der Paus hunn d’Katalanen dann awer méi Richtung Gol gedréckt a konnten eng hallef Stonn viru Schluss duerch de Ferran Torres ausgläichen. Duerch en Eelefmeter an der 84. Minutt war et dann den Depay, deen op 2:1 fir Barcelona gestallt an domat fir d’Decisioun gesuergt huet.
Betis - Atlético Madrid 1:3
0:1 Joao Felix (2'), 1:1 Tello (45+5'), 1:2 Joao Felix (61'), 1:3 Lemar (80')
Trotz groussem Kampf a gudde Chancë verléiert Real Betis Sevilla de Verfolgerduell mat Atlético. D’Rojiblancos hat mat Joao Felix de Spiller vum Owend an hire Reien, de jonke Portugis huet déi wichteg Goler zum 1:0 an 2:1 geschoss.