WM-EntdeckungCody Gakpo wiesselt vum PSV Eindhoven bei den FC Liverpool

RTL Lëtzebuerg
Den 23 Joer alen Hollänner huet bei der Futtball-WM am Katar mat sengen dräi Goler fir d'Oranje op sech opmierksam gemaach.
© AFP

Dobäi ass hien och bei enger Rei Top-Veräiner um Radar opgedaucht. En Dënschdeg de Moie koum dunn d’Nouvelle, datt de jonken Hollänner bei den FC Liverpool wiesselt. Wéi säi Veräin PSV Eindhoven e Méindeg den Owend schonns matgedeelt hat, ass hie schonns an England gereest, fir déi noutwenneg Formalitéite fir den Transfert ze erleedegen.

Aktuell ass nach keng genee Zomm gewosst, allerdéngs schwätzt de Marcel Brands vum PSV vun engem Rekordtransfert fir de Veräin. Bis elo war dat den Transfert vum Hirving Lozano, deen 2019 fir 45 Milliounen Euro vun Eindhoven op Neapel gewiesselt ass.

De Gakpo hat op der WM am Katar op sech opmierksam gemaach, wou hien a fënnef Matcher dräi Goler markéiere konnt.

Back to Top
CIM LOGO