HandballComeback vun der BENELUX-Liga?

RTL Lëtzebuerg
Zanter 2008 gëtt et eng international Handball Liga an där 12 Hären-Ekippen aus der Belsch an Holland géintenee spillen.

Ënnert dem Numm BENE-League gëtt fir déi éischt eng Hin- a Réckronn gespillt, ier dann déi véier bescht Veräiner an engem Final Four ëm de Championstitel spillen.

Comeback vun der BENELUX-League? E Reportage vum Sam Rickal

Den nationalen Handball huet an deene leschte Woche fir déi eng oder aner Schlagzeil gesuergt. D’Diskussioun iwwert déi vakant Positioun vum Hären Nationaltrainer, Rumeuren iwwert Problemer mam Sponsoring oder och de Manktem u Benevollen. Elo suergt awer ee weidert Thema fir Diskussiounen. Nämlech dat potentiell Comeback vun der BENELUX-Liga.

Vun 2010 bis 2014 hu och Lëtzebuerger Ekippen un dësem Turnéier deelgeholl, deemools nach ënnert dem Numm BENELUX-League. Aktuell soll dës belsch-hollännesch Liga reforméiert ginn an d’Organisateuren hu nees Wëlles Lëtzebuerger Vertrieder mat dobäi ze hunn. Finanziell wéi och organisationell wier dat fir vill Veräiner ee risen Opwand. Dozou de President vum Handball Esch de Christian Bock.

Et ass een Thema, dat intern mat de Spiller muss beschwat ginn. Dat géif een extremen Opwand, wat Deplacementer an Organisatioun fir de Comité ubelaangt, bedeiten. Mir mussen am Comité beschwätzen, ob mir esou eng Campagne kënnen a wëlle stëmmen.”

Geplangt wier datt mam Handball Esch, Käerjeng, Bierchem, Diddeleng an de Red Boys Déifferdeng 5 Lëtzebuerger Veräiner un dëser Competitioun géife participéieren, déi da gläichzäiteg net am Lëtzebuerger Championnat dierfte spillen. 2011 hat et den HC Bierchem fäerdeg bruecht bis an d’Finall ze kommen, huet sech deemools awer géint Kras Volendam misse geschloe ginn. Reng sportlech gesinn, wier et fir de Christian Bock keng schlecht Saach.

“Wann et a Richtung vun der BENELUX-League geet, dann ass et ee sportleche Surplus, fir nees un de Niveau vun den Belsch an den Hollänner kënnen erunzekommen. Et muss een awer dobäi soen, dat muss vun de Veräiner an de Spiller gewollt a gedroen ginn.”

Fir den 17. Abrëll huet déi Lëtzebuerger Handball Federatioun FLH eng Konferenz mat de Presidente vun all de Veräiner a beruff, fir iwwert eng méiglech Participatioun ze diskutéieren. Eng éischt Participatioun wier fir d’Saison 2024/25 oder fir d’Joer drop geplangt.

Back to Top
CIM LOGO