Schonn um Samschdeg hunn déi jonk Lëtzebuerger Kämpfer gewisen, datt si sech par rapport vum leschte Joer däitlech verbessere konnten, an dat géint Sportler um héchsten Niveau.
Um Sonndeg du war et un de Senioren an do huet sech haaptsächlech de Sekou Coulibaly behaapt. A senger Kategorie bis 68 Kilogramm huet de Mann aus dem COSL-Kader et op déi drëtte Plaz gepackt, dat no Victoire iwwer Sportler aus Däitschland, Frankräich a Griichenland. Eenzeg Néierlag gouf et an der Halleffinall géint de Simur Miroziev aus der Ukrain, deen an der Finall géint de Spuenier Marcos Caballero verluer huet.
De Coulibaly konnt mat senger Placéierung an de Weltranglëschtepunkten, déi hie kritt huet, awer seng Plaz an der Top 50 vun der Weltranglëscht festegen.