NFL - Week 6Cowboys a Steelers wannen an Overtime, no iwwer 1 Joer 1. Victoire fir Jaguars

Kevin Kayser
Jacksonville wënnt domadder hiren 1. Match dës Saison, d'Cowboys bleiwe weider staark an d'Steelers hu keng negativ Bilanz méi.
© Joe Sargent / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Miami Dolphins - Jacksonville Jaguars 20:23

E Sonndeg war et den zweete Match vun de London Games am Tottenham Stadium. Traditionell spillen d’Jacksonville Jaguars jo all Joer een Heemmatch zu London. An dëst Joer sollt sech de Wee op London fir d’Ekipp aus dem Norde vu Florida lounen. Am Match géint Dolphins, déi dëst Saison bis elo och nach net gutt opgetruede sinn, konnten d’Jax sech zum Schluss duerchsetzen. Fir si ass et déi éischte Victoire zanter dem 1. Spilldag vu leschter Saison an hire Quarterback Trevor Lawrence ass den éischte Rookie-Quarterback, deen an engem London-Game gewanne konnt. Dobäi hat de Match fir Miami besser ugefaangen. Mat engem Touchdown an engem Field Goal an den éischten zwee Drives hate si séier en Avantage vun 10:3. An d’Paus goung et du mat engem 13:10, dat och, well Miami e Field Goal aus 58 Yards zum Schluss net gemaach huet.

D’Jaguars hunn dunn direkt mat hirem éischte Ballbesëtz nom Säitewiessel de Match gedréint a si 17:13 an Avantage gewiescht. Vill ass bis bal zum Schluss, wou et 20:20 stoung, net méi passéiert. Miami ass beim 4th&1 gaangen an huet deen ee Yard net hikritt. Mat nach 1 Minutt 42 op der Auer krut de Lawrence de Ball, dat schonn hannert der Mëttellinn. Si hunn et gepackt gehat, beim 4th & 8 5 Sekonne viru Schluss ze goen a kruten hir Kicker mat 1 Sekonn op der Auer nach an eng gutt Positioun. De Wright huet seng Faarwen dunn aus 53 Yards déi éischt Victoire zanter iwwer engem Joer geséchert.

Dallas Cowboys - New England Patriots 35:29

D’Cowboys ware mat der Bilanz vu 4:1 de Favorit géintiwwer de Patriots, déi 2:3 virum Match stoungen. Ma d’Ekipp aus der Géigend vu Boston wollt sech doheem net esou einfach geschloe ginn an ass esouguer mat engem 14:10-Avantage an d’Paus gaangen. Dobäi hu béid Defensë gewisen, datt si richteg gutt drop sinn an hu Fumbele provozéiert an d’Special Teams vun Dallas hu véier an eng hallef Minutt virun der Paus esouguer e Punt geblockt. Den drëtte Quarter huet dunn Dallas gehéiert, déi hei e 7:0 higeluecht hunn a souguer am Ufank vum véierte Quarter en 10:0 draus gemaach hunn. Domadder ware si elo 20:14 am Virdeel. Ma d’Patriots mat hirem jonke Quarterback Mac Jones hu sech net opginn an hunn de Match kuerz viru Schluss nach eng Kéier gedréint. Mat engem Field Goal aus 49 Yards huet de Zuerlein du fir Dallas d’Overtime erzwongen. Do hunn d’Pats de Ball als éischt kritt an no 5 Spillzich hu si misste punten. Eng Touchdown-Pass vum Prescott op de Lamb huet dunn de Match entscheet. Fir d’Patriots ass dëst déi 4 Néierlag doheem an dëser Saison, dat bei 4 Matcher. Dëst gouf et net méi zanter 1993.

Seattle Seahawks - Pittsburgh Steelers 20:23

Am éischte Quarter haten d’Punter vu béiden Ekippe vill ze dinn. Béid waren direkt bei den éischten 3 Drives vun hiren Ekippen am Asaz. Déi éischt Punkte gouf et no 5 Minutten am zweete Quarter no enger gudder Pass vum Roethlisberger op den Harris. Op 14:0 konnten d’Steelers hir Avance ausbauen, nodeem d’Seahawks nees hu misst punten. D’Gäscht hunn an den éischten 30 Minutten näischt hikritt, esou datt hire Punter eng weider Kéier op den Terrain koum. Mat 14:0 fir d’Steelers goung et an d’Paus. Nom Wiessel waren d’Seahawks wéi ausgetosch a koume lues awer sécher erun. Um Ufank vum 4. Quarter hu si per Field Goal de 17:17 markéiert. Direkt beim Drive dono konnten d’Seahawks e Fumble vum Roethlisberger sécheren a kruten de Ball erëm. Ma alt nees waren dono d’Punter vu béiden Ekippe gefrot, fir de Ball wäit ewechzeschéissen. Mat zwee Field Goals zum Schluss goung et mat 20:20 an d’Overtime. Hei waren dann nees béid Punter am Ufank gefrot. D’Seahawks hu bei hirem zweete Ballbesëtz dësen direkt verluer, dat no engem Sack-Fumble duerch hire Quarterback Smith. Dono hunn d’Steelers hire Kicker nach just an eng gutt Positioun bruecht an de Boswell huet aus 37 Yards getraff an esou de Match gewonnen.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Tampa Bay Buccaneers - Philadelphia Eagles 28:22
Miami Dolphins - Jacksonville Jaguars 20 -23
Kansas City Chiefs - Washington Football Team 31:13
Los Angeles Rams - New York Giants 38:11
Houston Texans - Indianapolis Colts 3:31
Cincinnati Bengals - Detroit Lions 34:11
Green Bay Packers - Chicago Bears 24:14

Los Angeles Chargers - Baltimore Ravens 6:34
Minnesota Vikings - Carolina Panthers 34:28
Arizona Cardinals - Cleveland Browns 37:14
Las Vegas Raiders - Denver Broncos 34:24
Dallas Cowboys - New England Patriots 35:29
Seattle Seahawks - Pittsburgh Steelers 20:23

An der Nuecht op en Dënschdeg spillen dann nach Buffalo Bills bei den Tennessee Titans.

Back to Top
CIM LOGO