Futtball-EMCristiano Ronaldo fir Portugal dobäi, Dany Mota net

RTL Lëtzebuerg
Den Dany Mota, dee bis 2016 zu Lëtzebuerg opgewuess a gespillt huet, ass net vum portugiseschen Nationaltrainer Roberto Martinez fir d'EM nominéiert ginn.
© AFP

De Luc Holtz huet déi lescht Joren ëmmer erëm probéiert, de Stiermer vu Monza ze iwwerzeegen, fir d’Rout Léiwen ze spillen. Déi lescht Ufro gouf et fir d’Nations-League-Playoff-Halleffinall. Um Enn stoung de fréiere Péitenger awer den 21. an de 26. Mäerz am portugisesche Kader fir d’Matcher géint Schweden a Slowenien.

Domadder muss den Dany Mota op säin éischten offizielle Match waarden a kann theoretesch nach ëmmer fir Lëtzebuerg oplafen.

Bei deene 26 Spiller, déi de Roberto Martinez* fir d’EM an Däitschland nominéiert huet, ass och den 39 Joer ale Cristiano Ronaldo.

*An enger éischter Versioun vum Text stoung den Numm falsch dran.

Back to Top
CIM LOGO