
De 37 Joer ale Portugis, dee bei Manchester United am November no senger Ofrechnung mam Veräin virun d’Dier gesat gi war, huet ee Kontrakt bis 2025 bei Al-Nassr ënnerschriwwen.
De Cristiano Ronaldo soll diverse Medieberichter no pro Joer 200 Milliounen Euro verdéngen. Eleng fir seng Ënnerschrëft beim Club aus der saudiarabescher Haaptstad Riad soll hien eng Primm vun ëmgerechent 100 Milliounen Euro kréien.
Dem Ronaldo seng Partnerin Georgina Rodríguez hat e Freideg den Owend op Facebook gepost, dass den Transfert offiziell ofgeschloss wier. Kuerz drop gouf et dunn och déi offiziell Confirmatioun vum Veräin selwer.