
Deemno soll de Ronaldo vu Januar u fir zwee an een halleft Joer fir de saudesche Veräin spillen.
Scho lescht Woch hat déi spuenesch Sportzeitung Marca verkënnegt, dem 5-molege Weltfuttballer a Kapitän vun der portugisescher Nationalekipp, géing eng milliouneschwéier Offer vun Al-Nassr virleien.
Weder de Club aus Saudi-Arabien nach de Ronaldo selwer hunn dës Nouvelle bis ewell confirméiert.
Zanter der Opléisung vu sengem Kontrakt mam englesche Premier-League-Veräin Manchester United am November ass de 37 Joer ale Cristiano Ronaldo ouni Veräin.