Schi Alpin a BiathlonCyprien Sarrazin dominéiert zu Kitzbühel, Häcki-Gross feiert 1. Weltcup-Victoire

RTL Lëtzebuerg
Am Schi Alpin huet de Fransous Cyprien Sarrazin, déi éischt vun zwou Descenten op de legendärer Streif zu Kitzbuehel an Éisträich gewonnen.

Um Podium stoungen och nach den Italiener Florian Schieder (+0,05 Sekonnen) an de Schwäizer Marco Odermatt (+0,34 Sekonnen).

Den 29 Joer jonke Sarrazin ass eréischt den drëtte Fransous, deen op der berüchtegter Streif gewanne konnt. Virun him war et just dem Jean-Claude Killy (1967) gelongen, an dem Luc Alphand (1995 an 1997).

Am Biathlon gouf et iwwer 12,5 Kilometer e Succès zu Antholtz an Italien, fir d’Lena Häcki-Gross aus der Schwäiz. Virun allem hir Leeschtunge beim Schéissen hunn dozou gefouert, dass d’Schwäizerin um Enn hir éischt Victoire an engem Weltcup feiere konnt. Ouni eng eenzeg Strofminutt ass se doduerch komm.

D’Plazen zwee an dräi ware fir d’Julia Simon an d’Lou Jeanmonnot, allebéid aus Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO