
Si iwwerhëlt de Posten vum Vivian Reydel. No hirer Karriär als Spillerin, ënnert anerem beim Standard vu Léck an zu Anderlecht war déi 40 Joer al Belsch och kuerz Trainerin bei den Dammen vum Sporting Charleroi.
Fir déi 111-fach belsch Nationalspillerin ass et den éischten Challenge hei zu Lëtzebuerg. Hir Missioun ass, den Niveau vun der Akademie mat neien Iddie weider ze hiewen.