
Nodeems de Racing an der Woch als éischt Lëtzebuerger Ekipp e Match an der Coupe d’europe gewanne konnt, waren d’Damme vum Stater Veräin e Samschdeg nees an der Champions-League-Qualifikatioun zu Sarajewo gefuerdert. De Géigner dës Kéier Benfica Lissabon.
Hei ass et fir de Veräin aus dem Grand-Duché net esou gutt gelaf a Lissabon war dach awer ee gutt Stéck ze staark. An der Paus war de Racing 0:4 hannen. Um Enn gouf et eng 0:7-Néierlag.
Fir de Racing ass elo d’europäesch Kompetitioun fir dës Saison eriwwer.