
Et ass een Invitatiouns-Tournoi an der Coque, wou d‘Matcher vun donneschdes dem 20. Oktober bis sonndes den 23. Oktober gespillt ginn. 8 Spillerinne ginn invitéiert, déi awer aktuell kee WTA-Ranking méi hunn.
D‘Presidentin vum Tournoi, Dan Maas, huet d’Nimm wéi Julia Görges, Martina Hingis, Ana Ivanovic, Daniela Hantuchova oder och nach d‘Kim Clijsters als méiglech Spillerinnen annoncéiert.
D’Dan Maas huet awer ënnerstrach, datt nach keng Kontrakter mat deene Spillerinnen ënnerschriwwe goufen.
Et soll awer esou sinn, dat zwou fréier Nummer 1 op Lëtzebuerg kommen, zwou Spillerinnen, déi an den Top 10 waren a 4 Spillerinnen, déi wärend hirer aktiver Karriär an den Top 50 op der Welt waren.
Et gëtt ee Präisgeld vun 100.000 Euro, woubäi d‘Gewënnerin 40.000 Euro kritt.