
De 16. Februar spille si um 17 Auer zu Mamer an den 19. Februar um 19 Auer am Stade Molsheim a Frankräich. An deem Sënn huet den Nationaltrainer Dan Santos 24 Spillerinnen nominéiert an huet dobäi och eng Partie Nowuessspillerinne zeréckbehalen. Ënnert anerem sinn 11 Spillerinnen am Kader, déi no 2000 gebuer sinn. Mat dobäi sinn zum Beispill och d’Emma Goetz, d’Luisa Bras an d’Charlotte Schmit aus der U17.