Futtball - DammenDan Santos huet Kader bekannt gi fir d'Matcher géint Lettland an Nordmazedonien

RTL Lëtzebuerg
3 Spillerinne goufen zeréckbehalen, déi bis elo just bei der U17 an den Asaz komm sinn. Dem Dan Santos säi Kontrakt gouf iwwerdeems och verlängert.
© Rich Simon / RTL

En Donneschdeg huet de Futtball-Nationaltrainer vun den Dammen, den Dan Santos, de Kader bekannt ginn, fir déi 2 WM-Qualifikatiounsmatcher den nächste Freideg géint Lettland an den 12. Abrëll géint Nordmazedonien.

Déi zwee Matcher ginn net am neie Stade de Luxembourg gespillt, mä zu Nidderkuer, respektiv um Fola-Terrain zu Esch.

3 Spillerinne goufen zeréckbehalen, déi bis elo just bei der U17 an den Asaz komm sinn. D’Golkipperin Emma Goetz, souwéi d’Charlotte Schmit an d’Caroline Jorge.

© FLF

Virun deen 2 Matcher steet d’FLF-Selektioun mat 3 Punkten op der 4. Plaz an der Tabell. Nordmazedonien a Lettland stinn op de Plaze 5 a 6. Fir den Dan Santos spigelt déi Tabell awer net onbedéngt dat richteg Bild zeréck.

Den Dan Santos

Lettland ass méi staark wéi Nordmazedonien. Och wa se 1:4 am éischte Match géintenee verluer hunn. Ech hunn de Match elo nach eng Kéier gekuckt. Si kréien 3 Goler op Standardsituatioune geschoss, si hunn awer 80 Prozent vum Match dominéiert. Si, Lettland, si vill méi robust an athletesch. De Retourmatch gëtt net dat selwecht Resultat. Lettland gëtt méi komplizéiert wéi mir alleguerte mengen. Mir sinn nach net esou wäit, fir ze soen, datt dat Géigner sinn, wou mir musse punkten. Mir kucken awer, deen een oder anere Punkt heiheem ze behalen.

E Freideg an enger Woch spillen d’Lëtzebuergerinnen zu Nidderkuer géint Lettland an den 12. Abrëll zu Esch um Fola-Terrain géint Nordmazedonien.

Um Bord vun der Pressekonferenz gouf och bekannt, datt dem Dan Santos säi Kontrakt bis den 30. Juni 2024 verlängert gouf.

PDF: De komplette Kader vun der Dammennationalekipp

Back to Top
CIM LOGO