Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDanel Sinani mat Huddersfield am FA Cup eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend huet ee sech missen an den Aachtelsfinalle mat 1:2 bei Nottingham Forest geschloe ginn.
© pressphoto (Archiv)

Out fir Huddersfield Town an den 1/8-Finalle vum FA Cup. No 90 Minutten huet ee sech no enger 1:0-Féierung misse mat 1:2 géint Nottingham Forest geschloe ginn. De Lëtzebuerger Danel Sinani stoung an der Startformatioun a gouf an der 79. Minutt ausgewiesselt.

An der 2. Liga a Portugal huet Vilafranquense mat 1:2 géint den Tabellenzweete Rio Ave de Kierzere gezunn. Den Eric Veiga souz 90 Minutten op der Bänk.

Sonndeg

An der éisträichescher Bundesliga konnt sech Austria Wien duerch d’Victoire um leschte Spilldag eng Plaz an der Meistergruppe sécheren. D’Ekipp vun Austria Wien huet de Match géint Admira Wacker gedréint an nach mat 2:1 fir sech entscheet. Dobäi konnt de Marvin Martins, deen 90 Minutte gespillt huet, de Gol zum 1:1 virbereeden. Duerch déi Victoire steet no 22 Spilldeeg déi 5. Plaz an der Tabell, wat d’Qualifikatioun fir déi sougenannt Meistergruppe mat sech bréngt. An der Meistergruppe maachen déi éischt sechs Ekippen de Champion an engem Playoff-Modus ënnert sech aus.

An der zweeter dänescher Liga huet sech den FC Jammerbugt misse mat 0:3 géint den FC Fredericia geschloe ginn. Bei der Defaite waren den Omar Natami an den Diogo Pimentel fir 90 Minutten am Asaz. De Yan Bouché gouf an der 58. Minutt ausgewiesselt. Fir de Seid Korac gouf et mam fB Esbjerg eng 0:1-Defaite géint Vendsyssel.

Erzgebirge Aue huet sech an der 2. Bundesliga dräi wichteg Punkte géint Regensburg geséchert. Den Tim Kips an den Dirk Carlson souze bei der 1:0-Victoire op der Bänk, mä goufen net agewiesselt.

De Vahid Selimovic huet an der griichescher Super League géint Apollon Smyrnis gewonnen. Bei der Victoire vum OFI Kreta stoung de Lëtzebuerger 90 Minutten um Terrain.

An der Nuecht op e Sonndeg gouf et fir New York City um 2. Spilldag en 0:0 géint d’Vancouver Whitecaps, dei deem de Maxime Chanot nees fir 90 Minutten am Asaz war.

Samschdeg

Fir den Anthony Moris gouf et mat Union St. Gilloise an der belscher 1. Liga eng 3:2-Victoire bei Kortrijk duerch ee Gol an der 87. Minutt. De lëtzebuergesche Golkipp stoung wéi gewinnt de ganze Match um Terrain.

An der zweeter däitscher Bundesliga gouf et en 3:1-Succès fir Sandhausen géint Hannover. De Maurice Deville gouf hei vu Sandhausen an der 81. Minutt agewiesselt.

A Moldawien gouf et fir Sheriff Tiraspol mam Sébastien Thill eng souverän 2:0-Victoire. De Lëtzebuerger stoung dobäi déi 90 Minutten iwwer um Terrain.

An der drëtter Liga an Däitschland gouf et een 1:1-Remis fir Magdeburg géint den Hallescher FC. De jonke Lëtzebuerger Eldin Dzogovic op Magdeburger Säit stoung net am Kader.

Freideg

E perfekten Owend war et e Freideg fir den Danel Sinani an Huddersfield Town. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet bei der 3:0-Victoire géint Peterborough United den 1:0 an der 3. Minutt geschoss an den 2:0 an der 7. Minutt preparéiert. An der 60. Minutt gouf de Lëtzebuerger ausgewiesselt. Huddersfield steet aktuell op enger direkter Opstigsplaz.

An Holland gouf de Match tëscht Arnheim a Sparta Rotterdam kuerz viru Schluss wéinst Ausernanersetzungen ënnert de Supporter ofgebrach. Rotterdam louch duerch e Gol vum Dalmau an der 5. Minutt mat 1:0 a Féierung. De Mica Pinto gouf an der 59. Minutt agewiesselt an huet an der 67. Minutt Giel gesinn. De Laurent Jans gouf och an der 59. Minutt agewiesselt. Déi lescht 5 Minutte vum Match wäerten op engem méi spéideren Datum nogespillt ginn. Ee genauen Datum steet den Ament nach net fest.

An der 1. däitscher Futtball Bundesliga ass d‘Partie vun e Sonndeg tëscht Mainz an Dortmund op e Mëttwoch 16. Mäerz verluecht ginn. Bei deene Mainzer sinn 13 Spiller, dorënner déi 3 Golkippen, a 6 Leit vum Trainerstaff, ënnert anerem och den Trainer Bo Svensson, betraff. De Veräin vum Nationalspiller Leandro Barreiro krut net méi genuch Spiller zesummen, fir e Sonndeg unzetrieden.

Back to Top
CIM LOGO