HamburgDanel Sinani wiesselt bei den FC St. Pauli

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Futtball ass et d'Nouvelle, datt den Danel Sinani déi nächst Saison fir St.Pauli an der zweeter däitscher Bundesliga spillt.
© Pressphoto (Archiv)

Dat huet de Veräin vun Hamburg en Dënschdeg de Moie matgedeelt. De 26 Joer ale Lëtzebuerger hat fir d’lescht an England bei Wigan gespillt.

De Cheftrainer vu St. Pauli, de Fabian Hürzeler, sot zu sengem neie Spiller: “Den Danel Sinani huet e ganz gutt A fir d’Matspiller, sicht den direkten Duell mat Géigespiller a beweegt sech geschéckt an den Tëscheraim.” Den Danel Sinani kann et net erwaarden, unzetrieden: “Ech freeë mech op d’Zesummenaarbecht a wëll méiglechst séier um Terrain stoen.

Back to Top
CIM LOGO