WM-Qualifikatioun 8. SpilldagDänemark qualifizéiert, England léist Punkte géint Ungarn leien

RTL Lëtzebuerg
De Match tëscht Albanien a Polen gouf kuerz ënnerbrach, dat no Protester op den Tribünen an dono och um Terrain.
© AFP

Um Dënschdeg war et d’Suitte vum 8. Spilldag mat de Gruppe B, C, D, F an I. No Däitschland ass Dänemark elo déi zweeten Ekipp aus Europa, déi sech virzäiteg fir d’WM an Katar qualifizéiert huet.

Klickt hei, fir op den Artikel mam Match Portugal-Lëtzebuerg ze kommen

Grupp B

15 Punkten aus 6 Matcher ginn op de Compte vun de Schweden, domadder hu si 2 Punkten Avance op d’Spuenier, déi spillfräi waren, d’Griichen hunn 9 Punkten. Déi zwou eenzeg Ekippe mat 7 Matcher aus dësem Grupp si Georgien an de Kosovo, déi béid 4 Punkten hunn.

Schweden - Griichenland 2:0
1:0 Forsberg (59',p), 2:0 Isak (69')

Bescht Zeenen: Schweden-Griiechenland
Mat 2:0 konnte sech d’Nordeuropäer duerchsetzen.

Kosovo - Georgien 1:2
0:1 Okriashvili (11'), 1:1 Muriqi (45'), 1:2 Davitashvili (82')

Bescht Zeenen: Kosovo - Georgien
2:1 stoung et um Schluss fir d’Gäscht aus Georgien.

Grupp C

Italien steet weider un der Spëtzt mat 14 Punkten aus 6 Matcher, genau esou wéi och d’Schwäizer. Mat nach just 2 Spilldeeg hunn dann d’Bulgaren op der 3. Plaz nach just eng theoretesch Chance ënnert déi zwee Éischt ze kommen, si hunn e Retard vu 6 Punkten. Nordirland huet 5 Punkten, Litauen der 3.

Bulgarien - Nordirland 2:1
0:1 Washington (35'), 1:1 Nedelev (53'), 2:1 Nedelev (63')

Bescht Zeenen: Bulgarien - Nordirland
Doheem konnten d’Bulgaren de Match an hirer Faveur dréinen.

Litauen - Schwäiz 0:4
0:1 Embolo (31'), 0:2 Steffen (42'), 0:3 Embolo (45'), 0:4 Gavranovic (90'+4)

Bescht Zeenen: Litauen - Schwäiz
Eng kloer Victoire an eng gutt Ausgangspositioun hu sech d’Schwäizer a Litauen erausgespillt.

Grupp D

An der Grupp D bleift Frankräich, déi op dësem Spilldag net untriede missten, un der Spëtzt mat 12 Punkten aus 6 Matcher. 1 Match méi awer 3 Punkte manner huet d’Ukrain als 2. Finnland huet mat 8 Punkten aus 6 Matcher nach eng reell Chance, op déi 2. Plaz, esou wéi och Bosnien an Herzegowina, déi 7 Punkten hunn. Um Schluss steet de Kasachstan mat 3 Punkten.

Kasachstan - Finnland 0:2
0:1 Pukki (45'), 0:2 Pukki (48')

Bescht Zeenen: Kasachstan - Finnland
Méi fréi gouf dëse Match ugepaff, deen d’Finne fir sech entscheede konnten.

Ukrain - Bosnien-Herzegowina 1:1
1:0 Yarmolenko (15'), 1:1 Ahmedhodzic (77')

Bescht Zeenen: Ukrain - Bosnien an Herzegowina
Kee Gewënner gouf et an dëser Partie.

Grupp F

Dänemark ass mat 8 Victoiren an 8 Matcher sécher qualifizéiert. Schottland huet mat 17 Punkten, a 4 Avance op Israel, aktuell gutt Chancen op déi 2. Plaz. Punktgläich mat den Israeli ass Éisträich, déi awer ouni Hëllef sech net méi qualifizéiere kënnen. D’Färöer Inselen hu 4 Punkten, Moldawien 1.

Dänemark - Éisträich 1:0
1:0 Maehle (53')

Resumé Dänemark - Éisträich
Mat engem eenzege Gol an dësem Match kënne sech d’Däne fréizäiteg qualifizéieren.

Israel - Moldawien 2:1
1:0 Zahavi (28'), 2:0 Dabbur (49'), 2:1 Nicolaescu (90'+5)

Bescht Zeenen: Israel - Moldawien
2:1 gewannen d’Israelien doheem.

Färöer Inselen - Schottland 0:1
0:1 Dykes (86')

Bescht Zeenen: Färrör Inselen - Schottland
Zum Schluss kënne sech d’Schotte mat 1:0 behaapten.

Grupp I

Mat enger Victoire wier England sécher ënnert déi zwee Éischt komm, ma mat just engem Punkt, dee si géint Ungarn geholl hunn, komme si just op 20 Punkten an domadder just 3 viru Polen. Albanien huet als 3. 15 Punkten, Ungarn der 11, Andorra 6 a San Marino keen.

England - Ungarn 1:1
0:1 Sallai (24'), 1:1 Stones (37')

Resumé England - Ungarn
Ouni Gewënner ass dës Partie op en Enn gaangen.

Albanien - Polen 0:1
0:1 Swiderski (77')

Bescht Zeenen: Albanien - Polen
Nom 1:0 gouf de Match ënnerbrach.

San Marino - Andorra 0:3
0:1 Pujol (10'), 0:2 Moreno (55'), 0:3 Betriu (89')

Bescht Zeenen: San Marino - Andorra
Eng kloer Victoire gouf et fir Andorra.

Back to Top
CIM LOGO