D’Andrea Petkovic aus Däitschland, wat an der Halleffinall d’Mandy Minella geklappt huet, krut et an der Finall mam Anett Kontaveit aus Estland ze dinn.
D’Anrea Petkovic ass hirersäits net gutt an de Match komm a louch séier mat 0:2 am 1. Saz a Réckstand. Dono huet déi däitsch Spillerin besser zu hierem Spill fonnt an huet de Saz tëschenzäitlech konnten dréinen, a louch sou mat 4:3 a Féierung. Um Enn sollt d’Anett Kontaveit den 1. Saz dann awer nach fir sech entscheeden, dat mat 7:5.
Am zweete Saz huet d’Andrea Petkovic kierperlech ofgebaut an huet sech schwéier gedoe fir dem Rhythmus vum Kontaveit kenne matzegoen. D’Anett Kontaveit aus Estland huet mat engem gudde Service dem Andrea Petkovic an der Schlussphase keng Chance mei geloos, a gewënnt d’Finall um Enn verdéngt mat 7:5 a 6:2.
Domatt gewënnt d’Anett Kontaveit aus Estland déi zweeten Editioun vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters.
Hei fannt Dir d’Fotoe vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters.