Biathlon WeltcupD'Anna Magnusson wënnt am Sprint vun den Dammen

RTL Lëtzebuerg
Nom Sprint vun den Hären war et e Freideg zu Le Grand Bornand un den Dammen, dat iwwert d'Sprintdistanz vu 7,5 Kilometer.
© GEORG HOCHMUTH APA AFP

Hei séchert d’Schwedin Anna Magnusson sech mat enger feelerfräier Prestatioun am Schéissen déi 1. Plaz. Hir Team-Kolleegin Linn Persson kënnt no engem Feeler am zweete Schéissen op déi zweet Plaz. D’Denise Herrmann-Wick aus Däitschland, trëfft beim éischte Schéissen eng Kéier dolaanscht a kënnt op déi 3. Plaz.

D’Nummer 1 am Gesamtweltcup, Julia Simon hat kee gudden Dag erwëscht. Si kënnt nach op der 8.Plaz an dat éischt Schéissen a verléisst dëst och ouni Feeler. Ma no 2 Feeler mam Gewier am Leie muss si sech um Enn mat der 15. Plaz zefridde ginn.

Back to Top
CIM LOGO