Ee vun den éischte Lëtzebuerger um Start ass den Dario Maksimovic am Kanusprint iwwert 200 Meter. A Bosnien huet de 34 Joer ale Sportler geléiert am wackelege Kanadier ze paddelen. Ma zanter 2018 start hie fir déi kleng Lëtzebuerger Federatioun a lieft zu Bouneweg. Bei sengem Veräin Kayak Club Hesper hu mer eis säi Sport emol méi genee ugekuckt.