Europa LeagueD'AS Roma a Sevilla treffen den 31. Mee zu Budapest an der Finall openeen

RTL Lëtzebuerg
Nodeems Leverkusen och am Réckmatch net gewanne konnt, steet Roum an der Finall vun der EL. Do geet et géint Sevilla, déi sech géint Juve duerchgesat hunn.
© Ina Fassbender / AFP

Nodeems Bayer Leverkusen den Allersmatch op der AS Roma mat 0:1 verluer hat, hu si en Donneschdeg am Réckmatch virun eegenem Publik mat zwee Goler Ënnerscheed misse gewannen, fir an d’Finall vun der Europa League anzezéien. Leverkusen huet monter opgespillt an hat en direkten Zoch zum Gol, mä et sollt um Enn awer net duergoen. D’Leverkusener kommen doheem net iwwert en 0:0 géint d’AS Roma eraus a fléien dowéinst aus der Europa League eraus.

An der zweeter Halleffinall si Sevilla an d’Juve openeegetraff. Hei gouf et am éischte Match kee Gewënner, soudatt de Gewënner vum Réckmatch och sécher an d’Finall vun der Europa League anzéie wäert. No enger intensiver Verlängerung konnt Sevilla mat 2:1 als Vainqueur vum Terrain goen an domadder an d’Finall anzéien.

Bayer Leverkusen - AS Roma 0:0

Bayer Leverkusen war vun Ufank u motivéiert an huet schéin no vir gespillt. An der 12. Minutt ass dunn och bal den 1:0 fir d’Lokalekipp gefall, dëst no engem schéine Schoss vum Diaby. Allerdéngs huet de jonke Fransous mat sengem Schoss just d’Latekräiz getraff. An der 21. Minutt war et den Demirbay, deen e Schoss aus der Distanz a Richtung Gol lassgelooss huet. De Rui Patricio am Gol vun de Réimer huet sech ganz laang misse maachen, fir dëse Schoss ze entschäerfen. Och duerno huet Leverkusen net labber gelooss. An der 27. Minutt war et nees den Demirbay, deen de Golkipp vun der AS Roma mat engem Wäitschoss op d’Prouf gestallt huet, mä och dës Kéier konnt de Golkipp de Ball paréieren. Am Ganze war Leverkusen vill méi aktiv wéi d’AS Roma. Azmoun, Wirtz an Diaby hu gutt a séier no vir gespillt ouni an der Verdeedegung en all ze grousse Risiko anzegoen. Roum huet ganz destruktiv gespillt an huet guer net probéiert fir offensiv Akzenter ze setzen. Well Leverkusen awer net effikass genuch war virum Gol, ass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen.

Nom Téi war et e kierperbetounte Match. Dëst huet dem Spillfloss allerdéngs net gutt gedoen. Esou huet et bis an déi 66. Minutt gedauert, bis datt e Schoss a Richtung Gol komm ass. Mä och dës Kéier konnt de Rui Patricio de Kappball vum Azmoun ouni Problemer opfänken. An och an der 67. Minutt konnt de réimesche Golkipp säin Duell mam Demirbay op en Néits fir sech entscheeden. Leverkusen war spilleresch déi besser Ekipp a si haten och déi besser Chancen, mä iergendwéi huet hinnen dat néidegt Spillgléck gefeelt. Esou och beim Schoss vum Tah an der 78. Minutt, dee knapps laanscht de Gol gaangen ass. Leverkusen huet alles probéiert, mä um Enn sollt et net duergoen, soudatt de Match mat engem 0:0 op en Enn geet an d’AS Roma opgrond vum Allersmatch an d’Finall vun der Europa League anzitt.

FC Sevilla - Juventus Turin 2:1
0:1 Vlahovic (65'), 1:1 Suso (71'), 2:1 Lamela (95')

A Spuenien kruten d’Spectateuren e montere Match ze gesinn. Et ass op an of gaangen a béid Formatiounen haten eng sëllege Chancen, fir den éischte Gol am Match ze markéieren. Allerdéngs huet et de jeeweilege Stiermer ëmmer un der néideger Prezisioun gefeelt oder si sinn un de Männer, déi am Gol hir d’Bescht ginn hunn, fir d’Goler ze verhënneren, hänke bliwwen. Kuerz virun der Paus, haten d’Bianconeri Gléck, datt den hollänneschen Arbitter no engem Feeler vum Cuadrado net op en Eelefmeter fir Sevilla entscheet huet, soudatt et och an der zweeter Halleffinall mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass.

Nom Téi ass de Match do weidergaangen, wou en no den éischte 45 Minutten opgehalen huet. Béid Formatiounen hunn alles ginn an hunn op e Gol gedréckt. Dëse sollt dunn an der 65. Minutt fir d’Gäscht aus Italien falen. De Vlahovic huet sech schéi géint déi spuenesch Defense duerchgesat an huet dem Bono am Gol keng Chance gelooss, soudatt hien de Score op 1:0 fir déi al Damm gesat huet. Nëmme 6 Minutte méi spéit war dëse Score allerdéngs nees egaliséiert. De Suso huet sech aus gutt 19 Meter en Häerz gefaasst an ofgezunn a mat sengem fulminante Schoss den 1:1 markéiert. No 90 Minutte stoung ëmmer nach en 1:1 um Spillbou, soudatt de Match an d’Verlängerung gaangen ass.

An dëser konnt d’Lokalekipp schonn an der 95. Minutt duerch de Lamela den 2:1 markéieren. Domadder hunn d’Spuenier sech fir den Opwand belount, dee si de ganze Match iwwer bedriwwen hunn. Juventus Turin hat doropshi wuel nach seng Chancen, mä d’Italiener waren an de leschten Aktiounen ni zwéngend genuch, soudatt d’Sevilla de knappe Virsprong iwwert d’Zäit bréngen, de Match mat 2:1 gewannen an domadder an d’Finall anzéie konnt.

Déi komplett Resultater

Back to Top
CIM LOGO