
D’FLF huet matgedeelt wou a wéini d’Barragematcher am nationale Futtball sinn. Ëm déi lescht Plaz an der ieweschter Spillklass geet et e Freideg Owend zu Beggen um 20 Auer tëscht Hueschtert an Hesper.
Ëm d’Éierepromotioun geet et e Samschdeg um 17 Auer zu Lëntgen tëscht Biissen a Weiler.
An e Méindeg gëtt zu Biissen um 20 Auer d’Partie Ierpeldeng géint Miedernach ugepaff.
