Triathlon WM JuniorenDavid Lang 12. am Sprinttriathlon

RTL Lëtzebuerg
No 500 Meter Schwammen, 20 Kilometer Vëlofueren a 5 km Lafen, gouf den David Lang op der Triathlonweltmeeschterschaft vun de Junioren den 12.

2 Stonne virum Depart hat et en Donneschdeg kräfteg gereent, ma wärend der Course waren d’Stroossen zu Hamburg glécklecherweis dréche bliwwen. Anescht wier den technesche Parcours mat senge ville Kéieren an Zebrasträifen nämlech geféierlech ginn.

Den David Lang huet sech an deenen 3 Disziplinnen gutt aus der Affär gezunn a konnt virun allem am Lafen zum Schluss nach staark opdréinen. Um Enn sollt eng 12. Plaz eraussprangen.

Triathlon EM Junioren 1
Triathlon EM Junioren 1

Och den Aurelien Carre, ka mat enger 30. Plaz zefridde sinn. Fir de Poli Stoffel geet et weiderhin drëms um héijen Niveau Erfarung ze sammelen. Hie kënnt als 55. un.

Beim den Dammen hunn esouwuel d’Gwen Nothum wéi och d’Linda Krombach gutt matgehalen. D’Gwen Nothum huet en zolitte Vëlosparcours zréckgeluecht. D’Linda Krombach huet virun allem beim Lafen iwwerzeegt. Béid Athletinnen hu sech schliisslech op der 21. respektiv 22. Plaz placéiert.

Triathlon WM Junioren 2
Triathlon WM Junioren 2

Alles an allem zéien d’Lëtzebuerger Junioren a Juniorinnen no der WM e positive Bilan.

D’Jeanne Lehair qualifizéiert sech fir déi nächst Ronn am Supersprint Weltcup

E Freideg ass d’Jeanne Lehair iwwert d’Supersprintdistanz op déi 10. Plaz komm. Domat huet sech d’Europameeschterin sech fir déi nächst Ronn vum Weltcup iwwert dës Distanz (300 Meter Schwammen, 7,5 Kilometer Vëlo an 1,75 Kilometer Lafen) qualifizéiert.

De Bob Haller huet d’Qualifikatioun fir déi nächst Ronn iwwerdeems net gepackt, kritt allerdéngs e Freideg den Owend am Repechage eng zweet Chance. Dat gëtt allerdéngs schwéier, well hei nëmmen déi 5 éischt weiderkommen a praktesch alleguer d’Weltklass-Triathleten un den Depart ginn.

Weider Impressioune vun de Courssen

Jeanne Lehair beim Supersprint Weltcup zu Hamburg
Video 1.
Supersprint Weltcup zu Hamburg
Video 2
Supersprint Weltcup zu Hamburg
Video 3
Supersprint Weltcup zu Hamburg
Video 4

Back to Top
CIM LOGO