22 Reider ware beim Grand Prix Arthur Sinner mat hirem Päerd qualifizéiert. Fir ze gewannen heescht et, méiglechst ouni Feeler duerch de Parcours ze kommen. Et muss e schonn emol de Wee fannen an da wësse wou ee Gas gëtt a wou net. An natierlech stinn do och nach Staangen déi hënneren. Verantwortlech duerfir ass de Parcoursbauer, an dësem Fall de Martin Otto. Et soll een null Feeler Rëtt méiglech sinn an trotzdeem e sportlechen Ureiz do sinn.
Vun 22 Reider hunn der 4 null Feeler gemaach a sinn domat an d’Stieche komm. Dorënner 2 Lëtzebuerger, d’Noémie Goergen an de Christian Weier. Am Stieche gëllt sou mann Feeler wéi méiglech an déi beschten Zäit. D’Noémie Goergen hat d’Pech, als Éischt ze reiden. Da muss ee Gas ginn, well et weess EE jo net wat di hannendru fir e Parcours maachen. Gas ginn heescht Risiko an esou ass leider eng Staang gefall, dat si 4 Feelerpunkten awer déi beschten Zäit.
De Christian Weier war och mat Tempo ënnerwee. Hie mécht déi zweetbeschten Zäit, awer leider ënnerleeft och him e Feeler an domat 4 Feelerpunkten um Konto.
Den 3. Reider am Stiechen, den däitschen David Vogel, huet alles richteg gemaach. Lues awer sécher war d’Devise. Null Feeler dat ass duergaange fir déi éischte Plaz an 2.500 € Präisgeld. Dee leschte Konkurrent am Stiechen huet och eng Staang erofgehäit a sou war kloer, dass den David Vogel de Grousse Präis gewonnen huet.