Nom Championstitel konnt de Racing bei den Dammen also och d’Coupe gewannen an den Doublé realiséieren.
D’Ekipp vum Elodie Martins ass gutt an de Match gestart a konnt schonn no 6 Minutten duerch d’Karoline Kohr a Féierung goen. Knapps 2 Minutte méi spéit huet d’Marta Estévez op 2:0 erhéicht. Ell huet sech réischt dono gefaangen, mee bis an d’Paus sollt näischt méi passéieren. Nom Téi war Ell besser am Match, konnt de Ball awer net am Filet ënnerbréngen. An der 81. Minutt ass d’Decisioun gefall. D’Catarina Teixeira huet den 3:0 markéiert an den Deckel op d’Partie drop gemaach.