Steelbowl zu DiddelengD'Diddeleng Steelers feieren hiren 30. Gebuertsdag

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war zu Diddeleng den traditionelle Steelbowl. An deem Kader hunn d’Diddeleng Steelers hiren 30. Anniversaire gefeiert.
Steelbowl zu Diddeleng
De Weekend war zu Diddeleng den traditionelle Steelbowl. An deem Kader hunn d’Diddeleng Steelers hiren 30. Anniversaire gefeiert.

Si sinn deen eenzege Lëtzebuerger American-Football-Veräin, deen dëse Sport kompetitiv bedreift. Nieft dem klasseschen American Football gëtt et awer och de Flag Football.

Den American Football huet an de leschte Joren ëmmer méi Fans uechter ganz Europa dobäi gewonnen. Deemno ass virun allem déi klassesch Variant, den Tackle Football, bei de Leit bekannt. Invitéiert fir de Steelbowl goufen d’Verviers Mustangs aus der Belsch an d’Groningen Giants aus Holland.

Nieft dem Tackle gëtt et awer och de Flag Football. Eng Variant ouni Kierperkontakt, déi vun 2028 un och olympesch kéint ginn. Mee net nëmmen dowéinst gesinn d’Diddeleng Steelers am Flag Football eng grouss Chance, fir de Sport zu Lëtzebuerg ze promouvéieren, wéi de Patrick Klein, de President vun den Diddeleng Steelers, erkläert huet. Mam Flag Football kann een nämlech fréi ufänken an domat probéiert een, déi jonk Leit fir de Sport ze begeeschteren.

Um Steelbowl, deen dëst Joer net nëmmen iwwer een, mee zwee Deeg gaangen ass, ware béid Variante vertrueden. Sonndes stoung d’Kompetitioun a samschdes de Spaass am Vierdergrond. Ufanks war eigentlech geplangt, iwwer zwee Deeg en Tournoi ze maachen, allerdéngs hunn e puer attraktiv Ekippen ofgesot. Dofir huet ee samschdes de Spaass an de Vierdergrond gestallt. Do gouf et Spiller Challengen an et gouf zesummen trainéiert. Sonndes hunn déi dräi Ekippen du géintenee gespillt an et gouf och ee Flag-Football-Match.

Bei de Steelers spillen aktuell 69 Leit American Football, dovunner spille 25 Leit Flag Football. Aktuell spillt d’Tackle-Ekipp vun de Steelers an der Verbandsliga Mitte an Däitschland an ass do och Champion ginn. D’Hoffnung besteet awer och, datt een iergendwann e Lëtzebuerger Championnat opbaue kann. Virun allem am Flag Football ass dat realistesch, esou de Patrick Klein. Do ginn et aktuell mat den Diddeleng Steelers, de Mamer Warriors an de Luxembourg Wolves dräi Lëtzebuerger Ekippen.

An der klassescher Variant, dem Tackle, do ginn et aktuell nieft den Diddeleng Steelers just nach d’Raptors vu Réiden. Déi sinn aktuell awer nach net esou kompetitiv. Dofir kéint et do nach méi schwiereg ginn, fir an noer Zukunft e renge Lëtzebuerger Championnat op d’Been ze stellen.

De Steelbowl war och dëst Joer nees gutt besicht. Dem Patrick Klein no ass et e richtegt Spektakel an déi bescht Reklamm fir de Sport an de Veräin.

De Patrick Klein
President vun den Diddeleng Steelers.

Back to Top
CIM LOGO