Super BowlD'Duell tëscht de Kansas City Chiefs an den Tampa Bay Buccaneers

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg ass de Super Bowl. Dat ass dat gréisste Sportsevenement, wat et an den USA gëtt.
© AFP

Et ass d’Finall vun der American-Football-Saison. De Rich Simon kuckt mat engem Expert op dëst Mega-Event no vir.

Super Bowl / Reportage Rich Simon

De Super Bowl ass den inoffiziellen Nationalfeierdag an de States. Et gëtt wuel keen Amerikaner, dee sech de Match wäert entgoe loossen. Wéinst Corona sinn awer och d’Super-Bowl-Partyen, déi all Joer organiséiert ginn, dëst Joer Tabu.

Awer net nëmmen an de States sëtzen d’Leit virun der Tëlee, och hei zu Lëtzebuerg. Ee vun deenen ass de Paul Zahlen. Hien ass den Headcoach bei de Saarland Hurricans, eng Ekipp, déi ëmmerhin an der Däitscher Bundesliga spillt.

Dëst Joer sti sech am Super Bowl d’Kansas City Chiefs an d’Tampa Bay Buccaneers géinteniwwer. Um Pabeier sinn d’Chiefs de grousse Favorit. De Paul Zahlen gesäit dat awer net onbedéngt esou.

Wann d’Chiefs bis waarm lafen, gëtt et ganz schwéier. Si hunn eng gutt Defense, eng mega Offense. Tampa Bay hunn eng ganz speziell Defense, déi an der Pass-Verdeedegung hir Schwächen huet, déi géint de Laf immens staark ass. Wann ee weess, dass bei den Chiefs d’Pass dat Stäerkst ass an de Laf dat Schwächst ass, ass et kloer, wéi d’Ausriichtung vun den Chiefs wäert sinn. Offensiv gëtt et hoffentlech ganz grouss. Ech denken awer och, dass et wéi et dacks am Super Bowl ass, d’Defense den Ënnerscheed wäert maachen. Do gesinn ech de Boni bei den Tampa Bay leien.

Buccaneers spille bei sech doheem. Dee Virdeel hat bis elo nach keng Ekipp, déi de Super Bowl gespillt huet. 22.000 Leit däerfen an de Stadion eran. A Corona-Zäiten ass et awer net onbedéngt ee Virdeel, fir doheem ze spillen.

Bei deenen 22.000 Leit goufen et ganz strikt Reegelen, wou déi Ticketen higaange sinn. Do mussen esou vill Tickete fir dem Géigner seng Fans sinn. Et mussen Ticketen um oppene Marché sinn. Wou natierlech d’Fro ass, ob d’Tampa-Bay-Fans déi Tickete kruten oder net? Et gëtt villäicht eng liicht Tendenz zu méi Tampa-Bay-Fans. Well et einfach a Florida ass, well Corona ass, well et schwéier ass ze reesen. Ech denken net, dass do ee markante Virdeel wäert sinn. An de Stadion passen der 80.000 eran, dann ass dat Déngen zu engem Véierel voll. Ech weess elo net, ob dat esou de Brëller wäert sinn.

Fir de Quarterback vun den Tampa Bay Buccaneers, den Tom Brady, ass et schonns den 10. Super Bowl.

Hie gëtt net fir näischt als “The GOAT” genannt. Greatest of all Time. Hien huet deen Titel net fir näischt. Et ass säin 10. Super Bowl. Besser wéi hie ware just d’New England Patriots als Ekipp mat 11. Duerno kënnt Pittsburgh mat 9. Hien ass den eenzegen individuelle Spiller, deen dat fäerdegbruecht huet. Dat eleng ass ee Chiffer, deen nach ganz laang wäert do stoen.

De Super Bowl ass traditionell och ëmmer den Duell tëscht den zwee Quartebacks. A fir de Paul Zahlen ass dat dëst Joer nach ee Grond méi, de Super Bowl ze kucken.

Mir gesinn dee beschten aktuelle Quarterback, de Patrick Mahomes, géint dee beschte vun allen Zäiten, den Tom Brady. Dat eleng ass schonns Wansinn.

De Patrick Mahomes huet dat leschte Joer schonns mat den Chiefs de Super Bowl gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO