Am Alter vun 73 JoerDe bekannte Sportreporter Ulli Potofski ass dout

RTL Lëtzebuerg
De beléiften däitsche Sportjournalist Ulli Potofski ass no schwéierer Krankheet e Sonndeg gestuerwen, dat am Alter vun 73 Joer.
© Malte Ossowski/SVEN SIMON / SVEN SIMON / dpa Picture-Alliance via AFP

Seng Karriär ass an den 80er Jore bei RTL ugaangen, wou en iwwer Fussball a soss Sportaarte bericht huet. Vun 1988 bis 1992 huet en d’Fussballsendung “Anpfiff” moderéiert, wouduerch e säin Duerchbroch gepackt huet. 1989 krut hien e Bambi als beléiftste Sportmoderator, dëst duerch d’Stëmme vun engem Publikumsvoting.

Spéider war e beim DSF aktiv, éier en 2006 bei SKY gewiesselt ass, wou en an de Stadie vun der 1. an 2. Bundesliga ënnerwee war.

Um Mëttwoch de Moie koum dunn déi traureg Nouvelle, dass den Ulli Potofski schonn e Sonndeg gestuerwen ass, dat am Alter vun 73 Joer. A sengem Podcast “Herz, Seele, Ball” hat hien de leschten Donneschdeg matgedeelt, dass en deemnächst misst an d’Spidol, an dass ee géif hoffen, do gutt versuergt ze sinn.

2023 war den Ulli Potofski Invité an der Emissioun RTL-Afterwork
2023 war den Ulli Potofski Invité an der Emissioun RTL-Afterwork
© Patrick Greis

Den Ulli Potofski war Enn 2023 Invité an der Emissioun RTL-Afterwork

Back to Top
CIM LOGO