De fréieren Sportmoderator vun RTLplus, huet sech mat der Sendung 'Anpfiff' en Numm gemaach.

Et gesäit een en och haut nach ëmmer bei Sky. Den Ulli Potofski zielt aus senger Zäit bei Radio Luxemburg, awer och iwwer d'Héichzäit, wou RTL d'Rechter an der Bundesliga a bei Wimbledon hat. Rieds geet vum Steffi Graf, Boris Becker a vun der Lady Di, déi hien opfuerdere wollt fir ze danzen, an natierlech muss hien op säin Passage bei 'Let's dance' ze schwätze kommen.

Am 'Café des artistes' am Gronn geet et dës Woch mat der lieweger Legend beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten ëm Sport, awer och ëm Lëtzebuerg, de Pott a seng Relatioun zu de Suen.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.