BundesligaDe BVB trennt sech iwwerraschend vum Trainer Marco Rose

RTL Lëtzebuerg
Nodeems en Donneschdeg d'Saison intensiv analyséiert gouf, huet ee sech beim BVB drop gëeenegt, dass Trainer a Veräin an Zukunft getrennte Weeër ginn.

Dat kann een um Freideg um Internetsite vu Borussia Dortmund liesen. Et hätt een net déi Ziler erreecht, déi ee sech selwer gesat hat.

En Donneschdeg hate sech de Marco Rose, den Hans-Joachim Watzke, de Michael Zorc, de Sebastian Kehl an de Mathias Sammer zesummegesat, fir d’Saison nach emol Revue passéieren ze loossen.

Ufank Mee hat de Sebastian Kehl nach gesot, dass hie fest mam Marco Rose als Trainer déi nei Saison géif plangen. Hie war am Summer 2021 vu Mönchengladbach op Dortmund gewiesselt an hat e Kontrakt bis 2024.

Nieft dem Marco Rose mussen och seng Co-Traineren Alexander Zickler, René Maric an den Athletiktrainer Patrick Eibenberger sech en neie Veräin sichen.

Ween den Nofollger vum Marco Rose soll ginn, ass aktuell net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO